D'Belsch verléiert géint Italien, 0:0 tëscht Frankräich an Israel

© AFP
En Donneschdeg war an der Nations League den Optakt vum 5. an domat virleschte Spilldag.
An der Liga A gouf et am Grupp 2 eng 0:1-Defaite fir d'Belsch géint Italien. D'Lokalekipp huet an der Ufanksphas net stattfonnt an den Tonali konnt déi belsch Passivitéit scho fréi mam 1:0 bestrofen. Duerno ass d'Belsch besser an de Match komm an huet der "Squadra Azzurra" d'Feld net méi iwwerlooss, Golchancë sollt et bis zur Paus awer kaum méi ginn. Nom Säitewiessel ass et eng méi animéiert Partie ginn, an där et op béide Säiten e puer Occasioune goufen. An der Schlussphas huet d'Belsch dunn op den 1:1 gedréckt, ouni sech awer grouss Chancen erauszespillen. Dem Faes säi Kappball un de Potto ass dem Gol nach am nooste komm, woumat Italien déi dräi Punkte mat heem hëlt.
Am zweete Match vum Grupp 2 ass Frankräichviru ronn 20.000 Leit net iwwert en enttäuschenden 0:0 géint Israel erauskomm. Am Stade de France hunn d'Haushären zwar defensiv näischt ubrenne gelooss, ouni Mbappé an Dembélé ass vir awer laang net vill zesummegelaf. Kuerz virum Säitewiessel hat de Barcola déi bescht Chance op d'Féierung, ma et ass mam 0:0 an d'Kabinne gaangen. Och am zweeten Duerchgang waren d'Fransousen haushéich iwwerleeën an d'Ofschlëss hu sech geheeft, woubäi richteg Golgeleeënheeten weider seele waren. Um Enn ass et bei engem Remis ouni Goler bliwwen, soudass Frankräich um leschte Spilldag muss an Italien gewannen.
England huet sech am Grupp 2 vun der Liga B mat 3:0 a Griicheland behaapt. D'Englänner hunn e gudde Start erwëscht a schonn no 7 Minutten huet de Watkins d'"Three Lions" a Féierung bruecht, bei deenen eng ganz Partie Stammspiller gefeelt hunn. No engem schwieregen Ufank ass Griicheland awer besser ginn an hat duerch den Tsimikas eng grouss Geleeënheet op den 1:1. D'Englänner haten zwar méi de Ball, d'Griichen hunn awer weiderhi gutt dogéint gehalen. No enger Stonn hat den Ioannidis den Ausgläich um Fouss leien, hien ass awer um Pickford hänke bliwwen. An der 78. Minutt ass e Schoss vum Bellingham vum Potto un de griichesche Golkipp Vlachodimos a vun do an de Gol gesprongen, woumat d'Partie entscheet war. Den Jones huet kuerz dono nach een dropgeluecht, woumat béid Natiounen elo punktgläich un der Spëtzt leien.
Lëtzebuerg kritt et e Freideg um 20h45 am Stade de Luxembourg mat Bulgarien ze dinn. De Match kënnt Dir wéi gewinnt op RTL ZWEE an op RTL.lu suivéieren.
D'Resultater vun der Nations League
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.
Ekippen