Zu Turin huet de Südtiroler an der Finall géint den Taylor Fritz mat 6:4 a 6:4 gewonnen.

Den 23-järege Jannik Sinner ass an der Finall senger Favoritteroll gerecht ginn an ass domat den Nofollger vum Novak Djokovic, de dëst Joer Verletzungs bedéngt net mat um Start war. Fir de Jannik Sinner ass et nieft den zwee Grand-Slam Victoirë bei den Australian Open an den US Open den drëtte groussen Erfolleg an dëser Saison.