8. Sportmedica Kongress an der Coque

Vu lénks no riets: Jérôme Pauls, Dr Axel Urhausen, Dr Christian Nührenbörger. / © Guy Seyler
Zanter 1996 gëtt et den internationale Sportmedica Kongress, wou all 4 Joer renomméiert Sportwëssenschaftler a Medezinner referéieren.
2024 elo ass et schonn déi 8. Editioun vum Sportmedica Kongress. An déi gëtt dës Kéier hei zu Lëtzebuerg organiséiert. Vun der Lëtzebuerger Sportskinésithérapie an der Sportsmedizin, ënnert der Tutelle vun der Fortbildungsakademie. Gläichzäiteg ass et awer och den 20. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Sportsklinik am CHL. An där Zäitspan hu si iwwer 200 Manifestatioune gehat, wéi den Dr Axel Urhausen houfreg betount. Dës Editioun steet dann och ënner dem Motto "Exercise and medicine - 20 years sports clinic CHL" an ass e Freideg an e Samschdeg an der Coque um Kierchbierg.
Ëm wat geet et do genee, Dr Axel Urhausen?
International an national Experte stellen an enger Rei vu sportmedezinesche Sujeten den aktuelle Stand vun der Wëssenschaft duer. Doraus kann da jiddereen eppes fir seng eege Praxis mathuelen. Haaptsujeten op deenen 2 Deeg sinn d’Sportkardiologie, d’Behandlung an d’Präventioun vu Sportverletzungen, mental Gesondheet an Trainingssteierung.
U wien adresséiert sech de Kongress, Dr. Christian Nührenbörger?
Der Kongress richtet sich an alle sportmedizinisch interessierten Personen, die mit Sportler und Sportlerinnen arbeiten und sie betreuen. Aber natürlich auch an alle Athleten und Athletinnen selbst. Das heißt, der Kongress ist nicht nur für Mediziner, für Sportphysiotherapeuten und Sportwissenschaftler, sondern auch für Trainer, Betreuer, Coaches, Sportlehrer und auch sonstige Interessierte aus der Sportwelt.
Das Programm dürfte für viele interessant sein. Der Kongress ist für jedermann offen. Jeder kann kommen und jeder ist willkommen.
Een Thema ënner villen ass z.B. de Sudden Death am Sport, sou den Dr Urhausen.
De Professer Dr Tim Meyer, laang Joren den Dokter vun der däitscher Futtballnationalekipp, schwätzt iwwer dat Thema.
Dat ass och hei am Land e wichtege Sujet. Eis eege Statistike weisen all Joer 5 bis 10 esou Fäll. Doraus erkläert sech dann och de Sënn, an awer och d’Limitte vum Medico fir d’Präventioun op der enger Säit. Op der aner Säit awer och d’Wichtegkeet vun der Reanimatioun duerch d’Zivilpopulatioun.
Niewen den Erausfuerderungen am Triathlon an am Overtraining ass och d’Präventioun vu Sportverletzungen en Thema, dozou den Dr Nührenbörger.
Die Prävention von Sportverletzungen ist ein sehr wichtiges Thema, da wir insbesondere auch bei den Jugendlichen eine deutliche Zunahme an Sporverletzungen in den letzten Jahrzehnten sehen. Dies betrifft insbeondere auch schwere Verletzungen, wie z.B. die vorderen Kreuzbandverletzungen am Kniegelenk. Das ist auch Thema dieses Kongresses.
Durch Sportverletzungen können wir bis zu 40 % der eigentlich positiven Effekte, die wir durch sportliche Aktivität gewinnen, auch wieder verlieren. Dazu kommen noch die erheblichen Kosten für das Gesundheitssystem, die durch die Sportverletzungen verursacht werden.
Es ist wissenschaftlich nachgewiesen, dass durch konsequentes Durchführen von entsprechenden Präventionsprogrammen bis zu 50% auch gerade der schweren Sportverletzungen verhindert werden können. Dadurch versuchen wir schon seit 20 Jahren durch verschiedene Initiativen, wie Seminare und Workshops, dieses Thema zu sensibilisieren. Am Samstag wird es einen praktischen Workshop zur Prävention von Sportverletzungen geben, bei dem es um die Umsetzung von Präventionsmaßnahmen geht.
D’Kräizbandverletzung ass eng vun deene gréisste Sportverletzungen, seet de Jérôme Pauls vum "Institute for High Performance in Sports".
Et ass déi, wou d’Reha am längsten dauert. Wou et net ëmmer ganz sécher ass, datt een erëm zréckkënnt, respektiv op den Niveau zréckkënnt, wou ee virdru war. Da bedeit dat och ganz grouss psychologesch Schwieregkeete wärend een déi Verletzung huet. Awer och laangfristeg huet ee Konsequenzen, wéi z.B. Osteoarthrose. Do ass et also ëmsou méi wichteg ze wëssen, wéi een esou eng Verletzung ka vermeiden. Do ginn et ganz vill Moyene fir dat ze maachen.
Esou e Kongress hei riicht sech natierlech u Sportsmedeziner, Sportskinéen. Awer och un Trainer, Athleten, Sportwëssenschaftler, déi do kënne léieren: wat sinn d’Risike vun esou enger Verletzung, respektiv wat kann ee maachen, fir esou eng Verletzung ze vermeiden.
Op dësem Kongress bleift et net bei de rengen Exposéen. Et kann och diskutéiert ginn, sou den Dr Nührenbörger.
Diskussionen sind nach allen Vorträgen und Workshops vorgesehen und auch gewünscht. Es geht darum, in einem regen Austausch Antworten auf alle Fragen zu finden.
Och wann den Numm Sportmedica éischter op eng medezinesch oder paramedezinesch Ausriichtung schléisse léisst, esou ass et awer och fir en Trainer oder fir en Athlet wichteg, dohinner ze kommen, sou de Jérôme Pauls.
Et geet drëms, fir och vläicht heiansdo champs d’action ze verstoe vun deenen anere Leit. An haaptsächlech wann et ëm d‘Vermeide vu Verletzunge geet, ass den Athlet, seng Elteren, awer och den Trainer e Keyplayer. Dat sinn déi, déi den Athlet am Alldag och gesinn. Déi mussen, oder sollen, eng ganz grouss Kenntnis doriwwer hunn. Et ass ëmsou méi wichteg, datt esou Leit, sech an Theme weider forméieren, och wa se net direkt hiren Expertiseberäich ofdecken.
Den 8. internationale Sportmedica Kongress ass e Freideg, 22. November vu 14h00 - 18h30, an e Samschdeg, 23. November vun 8h30 - 14h00, an der Coque um Kierchbierg.
Weider Detailer, och zur Umeldung, fannt Dir op www.sportmedica.lu.