Wärend der ganzer Nations-League-Campagne stoung den Nationaltrainer vill an der Kritik.

Zanter en Dënschdeg ass gewosst, datt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp, no der däitlecher Néierlag vum Aserbaidjan géint Schweden, net direkt an de d'Liga D vun der Nations League ofsteigt. An der Press an och op de soziale Medie gouf villes ronderëm d'Nationalekipp an den Nationaltrainer hannerfrot a kommentéiert. De Luc Holtz selwer, léisst sech awer dovunner net beandrocken.

De Luc Holtz

"Entweder du léiss dech beaflossen, dofir liesen ech näischt. Och wann een et net wëll, et beaflosst all Mënsch. Dofir liesen ech och näischt an ech lauschteren näischt. Wann et elo eriwwer ass, kucken ech déi Dommheeten, déi geschriwwe goufen. Et sinn awer och bestëmmt flott Saachen, déi geschriwwe goufen oder richteg a seriö Saachen. Oder wéi och ëmmer. Déi Hypotheesen, déi opgestallt ginn, do spillen ech net mat."
 
An der Nations League geet et fir déi Lëtzebuerger Ekipp elo eréischt am Mäerz 2026 weider. An der Relegatioun spille si dann entweder géint Malta oder Gibraltar. D'Auslousung ass e Freideg.