Gemenge solle méi op Sportcoordinateure setzen, sou d'Zil vum Sportsministère
En Donneschden haten de Sportsministère an de Syvicol zesummen op eng Pressekonferenz op Leideleng invitéiert. Haaptthema war: "Meng Gemeng lieft Sport".
Genuch Sport ze dreiwen, ass immens wichteg an awer huet do nach laang net jiddereen hei am Land déi nämmlecht Méiglechkeeten. Dat war och dem Sportsministère viru 4 Joer opgefall an esou huet een deemools ee Projet an d'Liewe geruff, bei deem d'Gemenge mat Hëllef vun engem Sportcoordinateur méi an deem Beräich kënnen ënnerhuelen. Elo huet een decidéiert, dëser Initiativ mat "Meng Gemeng lieft Sport" neie Schwong ze ginn.
De Sportminister Georges Mischo: "Et ass esou, datt mir am Moment 8 Sportcoordinateuren hunn, déi 11 Gemengen ofdecken a wann ee bedenkt, datt mir 100 Gemengen am Land hunn, ass dat fir mech als Sportminister net genuch. Dowéinst hu mir elo zwou Pressekonferenzen ofgehalen, zu Schieren an zu Leideleng, fir de Projet nach eng Kéier virzestellen an d'Tâchë vum Sportcoordinateur de Leit duerzeleeën, well awer no de Walen 2023 ganz vill nei Leit an de Gemenge schaffen, déi villäicht net déi richteg Informatiounen hunn, déi ee brauch, fir ee Sportcoordinateur anzestellen."
Et war also eng Pressekonferenz, wou et virun allem ëm de Sportcoordinateur selwer gaangen ass an awer och iwwert déi verschidde Punkten, déi fir d’Gemenge wichteg kënne ginn, wéi d’Finanzéierung oder d’Opdeele vun engem Sportcoordinateur ënnert méi Gemengen. Mee wat sinn dann eigentlech genee seng Tâchen a mat wiem schafft hien zesummen?
"De Sportcoordinateur këmmert sech ëm de Sport an d'Beweegung a senger Gemeng, zesumme mat engem Service des Sports oder mat den Acteuren an der Gemeng, wéi Sportveräiner, Servicer, Fitnesszenteren oder Danzschoulen. Et geet drëms eng Offer auszeschaffen."
Donieft soll hien dës Offer accessibel maache fir all Altersgruppen an och ee kommunalen Aktiounsplang ausschaffen, bei deem all d’Acteuren, d’Offeren an d’Infrastrukturen an der jeeweileger Gemeng eng Roll spille sollen. De Budget gouf dobäi vun 2020 bis elo ëm knapp 400% eropgesat. Dat soll d’Finanzéierung méi einfach maachen an d’Gemenge motivéieren, fir ee Sportcoordinateur anzestellen an esou méi am Beräich vu Sport a Beweegung kënnen ze organiséieren.