Fir Dausende Lëtzebuerger ass d'Schivakanz déi schéinsten Zäit vum Joer.

Am Eecher Spidol halen d'Doktere scho Rendez-vouse fräi. Nieft all méigleche Bréch duerch Accidenter packt och deen een oder anere Knéi déi ongewinnte Belaaschtung net.

Déi 200 Veterane vun 30 bis 82 Joer bei der Masterscourse an der Schihal zu Amnéville sinn déi Belaaschtunge gewinnt. Zanter Joerzéngte fuere si Schi a wësse genau, wourop se mat hiren ale Schanke mussen oppassen.

De Schiinstrukter Sven Rollinger an de Kiné vu der Schifederatioun Geoffrey Osch betounen, wéi wichteg et ass, sech gutt virzebereeden. Grad wann ee soss net méi vill zum Sport kënnt, soll ee sech ee puer Wochen oder besser Méint virdru physesch op d'Schivakanz virbereeden.

Weider Tipps, fir sech optimal ze preparéieren

Um Site vum CHL fënnt een och Videoe vum Schifuerer Geoffrey Osch mat der optimaler Präparatioun.