E Samschdeg den Owend ware béide Veräiner an hiren auslännesche Championnater gefuerdert.

An der 2. Divisioun vum franséischen Äishockey-Championnat huet den Tornado e Samschdeg den Owend mat 5:8 géint Français Volants de Kierzere gezunn.

An der 1. Divisioun am belsche Championnat hunn d'Beefort Knights och eng Néierlag missen astiechen. Dës war allerdéngs denkbar knapp. Am Penalty-Schéissen huet ee sech zu Mechelen misse mat 2:3 geschloe ginn.

D'Beefort Knights louchen no Goler vu Biver a Wambach nom 1. Drëttel mat 2:0 a Féierung. Mechelen konnt am leschten Drëttel nach ausgläichen. Am Penalty-Schéisse sinn dunn d'Goler vu Mazurek a Mossong net duergaangen, fir d'Victoire mat heem ze huelen.

An der Tabell läit Beefort lo op Plaz 7 mat 4 Punkten. Déi nächst Woch spille si op der Kockelscheier géint Courbevoie.