Nidderkuer klappt Hueschtert, Déifferdeng iwwerrennt Rodange

© Val Wagner
Donieft geet d'Jeunesse Esch zu Stroossen ënner an d'Fola gewënnt de Kellerduell géint Monnerech.
E Sonndeg gouf den 13. Spilldag vun der BGL Ligue ofgeschloss.
Nidderkuer huet sech géint Hueschtert schwéier gedoen, um Enn awer dräi Punkten doheem behalen. No mëttelméissege 45 Minutte stoung et am Stade Jos Haupert 1:1. De Match hat wuel direkt mat engem Nidderkuerer Gol ugefaangen, mee duerno war bis zum Ausgläich an der 37. Minutt vill Leerlauf. Nom Säitewiessel kruten d'Spectateure méi gebueden an de Match war richteg spannend. Nodeems Nidderkuer an der 72. Minutt 3:2 a Féierung goung, huet Hueschtert an de leschte Minutten nach eng Kéier alles no vir geheit, mee et sollt net duergoen.
Den FC Déifferdeng 03 profitéiert vun der Hesper Néierlag e Samschdeg géint Diddeleng a baut säi Virsprong an der Tabell nom 5:1 zu Rodange op 8 Punkten aus. De Match war schonn no 45 Minutten decidéiert. D'Gäscht hunn de Match no Stréch a Fuedem dominéiert a Rodange zu kenger Zäit eng Chance gelooss. Nom 3:0 zur Paus ass Rodange mam éischte Schoss den éischte Gol gelongen, mee uschléissend huet Déifferdeng den Tempo nees ugezunn an nach zwee Goler dropgesat.
D'Fola Esch feiert 3 wichteg Punkten am Ofstigskampf géint den direkte Konkurrent Monnerech. Nom fréieren 1:0 fir d'Lokalekipp hunn d'Spectateuren net vill Golchancë gesinn. Monnerech koum an der 42. Minutt eng éischt Kéier geféierlech virun den Escher Gol, mee de Ball goung iwwer de Gol. D'Gäscht hunn am Ufank vum zweeten Duerchgang d'Kontroll iwwerholl an haten eng Rei Chancen, mee et huet d'Konsequenz an d'Prezisioun gefeelt. Dobäi sollt et bis an d'90. Minutt bleiwen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerRodange - Déifferdeng 1:5
0:1 Brusco (8'), 0:2 Abreu (30'), 0:3 Jorginho (39'), 1:3 Amdouni (63'), 1:4 Brusco (80'), 1:5 Jorginho (83')
Nidderkuer - Hueschtert 3:2
1:0 Burban (2'), 1:1 Avdusinovic (37'), 2:1 Burban (59'), 2:2 Fernandes (61'), 3:2 Bah (72')
Fola Esch - Monnerech 1:0
1:0 Scholler (15')
Stroossen - Jeunesse Esch 5:0
1:0 Hadji (8'), Hadji (60'), 3:0 Nogueira Albuquerque (71'), 4:0 Perez (85'), 5:0 Perez (89')
Munneref - Péiteng 1:0
1:0 Abdelkadous (58', Eelefmeter)
Wolz - Rouspert 1:1
1:0 Gorny (22'), 1:1 Rodrigues (49')