Am Riseslalom vun den Damme gouf et iwwerdeems duerch d'Chute vum Mikaela Shiffrin eng Victoire fir d'Sara Hector aus Schweden.

Schisprangen

Am Schisprangen zu Ruka huet sech de Pius Paschke nom Succès zu Lillehammer déi nächst Victoire geséchert. Trotz engem onberechenbare finnesche Wand konnt sech den Däitschen um Enn mat 326.60 Punkte virun den zwee Éisträicher Jan Hörl (317.70) a Stefan Kraft (315.20) duerchsetzen.

Riseslalom

Am Riseslalom vun den Dammen huet d'Favoritin Mikaela Shiffrin déi éischt Chance vun der Saison op e Succès verpasst. D'US-Amerikanerin war an der Finall gefall. D'Victoire zu Killington ass um Enn un d'Sara Hector gaangen. D'Schwedin hat dobäi ee Virsprong vun 0.54 Sekonnen op d'Kroatin Zrinka Ljutic a vun 1.05 Sekonn op d'Camille Rast aus der Schwäiz.

Biathlon

Am finnesche Kontiolahti stoung fir den Optakt vun der Biathlon-Saison d'Single-Mixed-Staffel um Programm. Mat véier Feeler beim Schéissen an engem Chrono vu 36:17.60 Minutte konnt sech d'Ekipp aus Schweden déi éischt Plaz sécheren. D'Plaz Zwee ass duerch eng Zentimeter-Decisioun per Fotofinish un d'Ekipp aus Frankräich gaangen, déi sech trotz néng Feeler um Enn virun Däitschland mat véier Feeler behaapt huet.