Den aktuellen Tabelleleader bleift duerch eng kloer 4:1-Victoire weider ongeschloe mat engem komfortabele Virsprong vun aacht Punkten un der Spëtzt.

E Sonndeg war just op e puer Terrainen d'Suite vum 14. Spilldag. No dem Escher Derby gouf deemno och de Matcher tëscht Hueschtert a Rodange ofgesot. Zu Hesper sinn donieft d'Spiller vum Swift net wéi geplangt géint Munneref ugetrueden.

Zu Uewerkuer gouf et fir den FC Déifferdeng eng kloer 4:1-Victoire géint Wolz. Virun allem de Guillaume Trani hat ee gudde Start erwëscht an d'Lokalekipp duerch seng zwee Goler an der éischter Hallschent mat 2:0-Féierung a Féierung bruecht. Zwee Mol konnt de Jorginho hei virbereeden. Kuerz virun der Paus ass de Wëlzer dann awer nach ee wichtege Gol fir den Uschloss gelongen. Duerch de Victor Gorny ass et mat engem 2:1 an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel ass Déifferdeng da staark aus de Vestiairë komm a konnt no nëmme fënnef Minutten duerch ee stramme Schoss vum Kevin D'Anzico op 3:1 erhéijen. Den Deckel drop gemaach huet dann de Jorginho, dee sech no sengen zwou Virlagen och selwer mat engem Gol belount krut. Duerch déi dräi Punkte bleift Déifferdeng weider mat engem komfortabele Virsprong vun aacht Punkten op den F91 Diddeleng Tabelleleader.

Stroossen bleift duerch eng kloer 4:0-Victoire zu Beetebuerg weider um ieweschten Drëttel vun der Tabell drun. Obwuel d'Lokalekipp an deenen éischte Minutte méi vum Match hat, huet de Gaascht seng Chancë genotzt a louch no de Goler vum De Souza, Hadji a Zenadji schonn an der Paus mat 3:0 a Féierung. Duerch eng konzentréiert Defensivaarbecht huet Stroossen an der zweeter Hallschent net méi vill ubrenne gelooss a konnt mam véierte Gol duerch de Perez ronn 20 Minutte viru Schluss dann och den Deckel drop maachen.

Parallel gouf et tëscht Péiteng an Nidderkuer een 0:0-Remis an am leschte Match vum Sonndegmëtteg konnt sech dann nach de Racing mat 2:0 zu Rouspert duerchsetzen.

De Resumé vum Match Péiteng géint Nidderkuer
Béid Ekippen hu sech ouni Goler d'Punkte gedeelt.

E Samschdeg hat sech fir den Optakt Diddeleng mat 2:0 zu Monnerech duerchgesat.