Ee fréien an ee spéide Gol hunn de Match fir den F91 entscheet. Den Escher Derby gouf ofgesot.

E Samschdeg war am nationale Futtballchampionnat den Optakt vum 14. Spilldag.

Fir den F91 Diddeleng gouf et dobäi en 2:0-Succès zu Monnerech. D'Gäscht haten ee gudde Start erwëscht a waren no nëmmen aacht Minutte duerch ee Gol vum Guilain Zrankeon a Féierung gaangen. Monnerech huet zwar ëmmer rëm probéiert, de Wee no vir ze sichen, ma d'Gäscht waren am grousse Ganzen awer kloer déi besser Ekipp. Zwee Mol huet Aluminium ee weidere Gol verhënnert a sou war et mat engem verdéngten 1:0 no 45 Minutten an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet sech Diddeleng dann e bësse méi schwéier gedoen, fir sech Golchancen erauszespillen. Dat huet och Monnerech gemierkt a bis zum Schluss op ee méiglechen Ausgläich gespillt. Den zweete Gol vum Match sollt an der 91. Minutt dann op där anerer Säit duerch de Bilal Benkhedim falen an domat den Deckel drop maachen.

Op der Grenz gouf de fir 17.00 Auer geplangten Escher Derby tëscht der Jeunesse an der Folaofgesot. Den Terrain war gefruer an et konnt doduerch net gespillt ginn. Wéini de Match nogeholl gëtt, ass fir de Moment nach net bekannt.

RTL

© Fernando Bernardino

E Sonndeg ginn dann nach déi lescht sechs Matcher vum 14. Spilldag gespillt.