Manchester City verléiert mat der 0:2-Defaite un der Anfield Road de véierte Match hannerteneen am englesche Championnat.

E Sonndeg stoungen an den internationale Futtballchampionnater nach eng Rei Matcher um Programm. An England gouf et nieft der Victoire fir Liverpool och fir Chelsea a Manchester United dräi Punkten. An Däitschland ass Mainz elo zanter dräi Matcher ouni Punkteverloscht a Real Madrid réckelt a Spuenien no der Defaite vu Barcelona ee Stéck méi no un d'Tabellespëtzt erun.

D'Partie tëscht Florenz an Inter Mailand gouf wéinst engem medezineschen Noutfall ofgebrach. Den Edoardo Bove war um Terrain zesummegebrach an no e puer Minutten vun der Ambulanz oftransportéiert. International Medie schwätze vun enger méiglecher epileptescher Kris, déi zu engem Häerzstëllstand gefouert hätt. Offiziell confirméiert goufen dës Informatiounen awer nach net. Deemno soll et donieft och schonn Entwarnung aus der Klinik gi sinn.

Am nationale Championnat war e Sonndeg d'Suite vum 14. Spilldag.

Bundesliga

Mainz - Hoffenheim 2:0
1:0 Burkardt (4'), 2:0 Burkardt (24')

Mainz confirméiert mat enger 2:0-Victoire och géint Hoffenheim déi gutt Form aus de leschte Wochen. Schonn no véier Minutte war et der Lokalekipp gelongen, ee Wee laanscht déi géigneresch Defense ze fannen. Den Jonathan Burkardt huet net nëmmen den 1:0, ma 20 Minutte méi spéit och den zweete Gol vum Match markéiert. Hoffenheim, déi d'lescht Woch nach Leipzig iwwerrasche konnten, hunn zu Mainz net an de Match fonnt an och keng Golchancen erausgespillt krut. Och d'Wiessel hunn net den erwënschten Ëmschwong bruecht a sou wënnt Mainz de Match um Enn verdéngt.

Heidenheim - Frankfurt 0:4

0:1 Marmoush (22'), 0:2 Chaibi (49'), 0:3 Marmoush (58'), 0:4 Ekitiké (90+4')

Premier League

Chelsea - Aston Villa 3:0
1:0 Jackson (7'), 2:0 Fernandez (36'), 3:0 Palmer (83')

Manchester United - Everton 4:0
1:0 Rashford (34'), 2:0 Zirkzee (41'), 3:0 Rashford (46'), 4:0 Zirkzee (64')

Manchester United huet sech am eegene Stadion däitlech mat 4:0 géint Everton duerchgesat. No enger dominanter Ufanksphas huet de Gaascht selwer no an no ëmmer méi an de Match fonnt. Duerch ee liicht glécklechen ofgefälschte Schoss vum Marcus Rashford konnt ManUnited dann awer no enger gudder hallwer Stonn a Féierung goen. De Joshua Zirkzee huet nach een drop geluecht an d'Haushäre mat enger 2:0-Féierung an d'Paus geschéckt. Déi zweet Hallschent ass da genau sou gutt weider gaangen. Nëmmen eng Minutt no der Paus war et op en Neits de Marcus Rashford mat engem Gol. Och de Joshua Zirkzee sollt eng zweete Kéier markéieren, sou datt deenen dräi Punkten näischt méi am Wee stoung.

Liverpool - Manchester City 2:0
1:0 Gakpo (12'), 2:0 Salah (78')

Manchester City kritt sech och net un der Anfield Road aus der aktueller Kris geschoss a muss sech um Enn mat 0:2 geschloe ginn. Vun Ufank un huet Liverpool op ee Gol gedréckt a sou war d'Féierung no 12 Minutten duerch de Cody Gakpo nëmmen déi logesch Konsequenz. Wärend d'Lokalekipp weider Drock gemaach huet, huet sech City liicht iwwerfuerdert presentéiert. An engem zimmlech eesäitege Match huet den zweete Gol awer laang op sech waarde gelooss. Dem Mohamed Salah ass den 2:0 da gutt zéng Minutte viru Schluss duerch een Eelefmeter gelongen. Um Enn ka sech Liverpool iwwert déi dräi Punkte freeën a baut de Virsprong an der Tabell op den Zweeten op 9 Punkten aus.

Serie A

Parma - Lazio 3:1

1:0 Man (6'), 2:0 Anas (53'), 2:1 Castellanos (80'), 3:1 Delprato (90+1')

Lazio huet géint Parma bei enger 1:3-Defaite dräi wichteg Punkten ofginn. No 53 Minutte stoung et fir d'Lokalekipp no de Goler vum Man an Anas 2:0. D'Ekipp aus Roum hat zwar méi Schëss op de Gol a gréisser Undeeler um Match, dës konnt si awer laang net a Goler ëmmënzen. Den 1:2 duerch de Castellanos huet dann zéng Minutte viru Schluss nach eemol kuerz fir Hoffnung gesuergt, ma an der Nospillzäit gouf mam 3:1 vum Delprato den Deckel drop gemaach.

FC Turin - Neapel 0:1
0:1 McTominay (31')

Florenz - Inter Mailand (ofgebrach)

Ligue 1

Montpellier - Lille 2:2
0:1 David (44'), 1:1 Sylla (45+2'), 1:2 David (54'), 2:2 Nordin (90+3')

Lyon - Nice 4:1
1:0 Lacazette (4'), 1:1 Diop (22'), 2:1 Lacazette (41'), 3:1 Veretout (43'), 4:1 Lacazette (69')

La Liga

Villarreal - Girona 2:2
1:0 Barry (23'), 2:0 Alex Baena (46'), 2:1 van de Beek (66'), 2:2 Krejci (90+7')

Real Madrid - Getafe 2:0
1:0 Bellingham (30'), 2:0 Mbappé (38')

Rayo - Bilbao (18.30 Auer)