Andreas Wellinger wënnt bei schwéiere Wiederkonditiounen zu Ruka

© AFP
Am Schisprangen ass den zweeten Duerchgang e Sonndeg wéinst dem schlechte Wieder net ofgehale ginn.
Schisprangen
Am Schisprangen huet d'Kompetitioun zu Ruka missen nom 1. Duerchgang wéinst de schwéiere Wiederkonditiounen op en Enn bruecht ginn. Doduerch huet den Däitschen Andreas Wellinger sech d'Victoite mat engem Score vun 143.40 Punkte geséchert, dat virum Éisträicher Stefan Kraft (138.00) an dem Karl Geiger (134.30) aus Däitschland.
Biathlon
Beim Biathlon zu Kontiolahti gouf et e Sonndeg op der Staffel iwwer 4x6km eng immens spannend Schlussphas, bei där sech um Enn Schweden mat engem Feeler beim Schéissen duerchsetze konnt. Hannendrun ass Frankräich mat engem Feeler an engem Ecart vun 29 Sekonnen den Zweete ginn an Norwegen huet de Podium och mat engem Feeler an engem Retard vu 36.20 Sekonne komplettéiert.
Schi Alpin
Beim Slalom vun den Dammen zu Wellington gouf et dann eng Victoire fir d'Camille Rast. D'Schwäizerin stoung no zwee Duerchgäng mat engem Ecart vun 0.57 Sekonnen op déi zwee zäitgläich Zweetplacéiert. D'Anna Swenn-Larsson aus Schweden an d'Wendy Holdener aus der Schwäiz hu sech deemno déi zweet Plaz um Podium gedeelt.