National Meeschterschaften am Karate Kumite bei den U12 an U10
Am Kader vun de nationale Meeschterschaften am Karate, hunn haut de Moien d'U12 an U10 Meedercher a Jongen em d'Medaile gekämpft.
De KO System, dat heescht d'Eliminatioun no enger Defaite, ka bewierken, datt no annerhallwer Minutt, d'Erliewnis Championnat eriwwer ass. Och an deem Alter ass et scho wichteg wärend dëser kuerzer Kompetitiounszäit déi richteg Strategie unzewenden an déi cleverst Decisiounen ze huelen.
Wann de Parcours am Championnat weider geet, dann ass d'Roll vum Coach wichteg, awer virun allem no enger Defaite. D'Karate's Championne Jenny Warling huet wuel net vill Zäit fir selwer Trainer ze sinn, mee ass awer als Coach mat Analyse behëlleflech.
Fir déi Responsabel vun der Federatioun ass esou e Championnat eng gutt Geleeënheet fir Talenter ze entdecken.
Virun aacht Méint hat d'Karate-Famill sech vun der Federation des Arts Martiaux geléist, an dës Initiative huet virun allem méi kuerz Weeër am Kontakt mam Sportsministère an dem COSEl erméiglecht, an dohier méi eng effikass Aarbecht.
Och d'Zuel vun de Lizenzéierten ass geklommen.
Am Karate goufen et jo reegelméisseg héichwäerteg international Resultater, vläicht steet een oder deen aneren vun dëse jonke Sportler an e puer Joer op engem internationale Podium.