An der Schwammfederatioun ass eng nei Ekipp ronderëm de President Claude Waltzing um Rudder.

De Marco Stacchiotti, war 10 Joer laang President a 5 Joer laang Caissier vun der Federatioun. D'Walresultat vu 86 Jo-Stëmmen an 41 Abstentioune bedeit fir de Claude Waltzing en Defi.

De Waterpolo fir Kanner a Jugendlecher ass ee vun den interessante Projeten, déi vum Marco Stacciotti a senger Ekipp an d’Weeër geleet goufen, mat der Perspektiv vun enger Participatioun u Spiller vun de klenge Länner.

D'Schwammschoule goufe reorganiséiert an ausgebaut. Och de Plongeon an d’artistescht Schwamme kruten eng gréisser Visibilitéit. Den Euromeet ass vu Joer zu Joer gewuess an de Marco Stacchiotti versprécht weiderhin am Organisatiounscomité matzeschaffen. Traditionell war d'Schwammfederatioun ëmmer gutt op den Olympesche Spiller vertrueden, dëst Joer allerdéngs mat nëmmen engem Schwëmmer.

Et sinn eng Rei Jonker an der Ekipp ronderëm de Claude Waltzing an dat kéint frësche Wand erabréngen.