Am Oktober gouf den neie Centre médical du Sport zu Nidderkuer am Spidol ageweit.

Eng Ulafstell fir Sportler a Sportlerinnen, fir méi séier a laangfristeg behandelt kënnen ze ginn. Et geet net nëmmen drëms, eng Diagnos ze stellen, mee och Reeducatioun a Preventioun op enger Plaz unzebidden, wou de Sportler och an engems d‘Personal kennt. Et wier och net esou gewiescht, dass et nach keng passend Struktur fir Sportmedezin hei am Land géif ginn, wéi zum Beispill an der Klinik zu Eech. Et wier awer opgefall, dass virun allem am Süde vum Land déi meeschte Sportsclibb lokaliséiert wieren an een dofir fir méi kuerz Weeër esou en Zentrum bréicht. D‘Demande wier ëmmer méi grouss ginn. Ee vun den Haaptproblemer wier gewiescht, dass den Athlet oder d'Athletin laang hätt missten op e Rendez-vous waarden a soumat wier wichteg Zäit verluer gaange bei der Reeducatioun. De Jugendsport steet hei besonnesch am Fokus. Am CHEM zu Nidderkuer hätt een do no enger Ëmstrukturéierung déi passend Plaz fonnt. Et wéilt ee keng Konkurrenz ginn zu Strukturen, déi scho gi sinn. Et hätt een och näischt Neies erfonnt, mee villméi hätt een de Parcours vum Patient oder der Patientin regruppéiert.

Vun der Iddi bis bei de fäerdege Projet hätt een 3 Joer gebraucht. Nieft de Performancetester, der Reeducatioun, der Preventioun, gëtt et och nach de Volet vun der Nutritioun an dem Passage am Medico-Sportif. D‘Team vum CMDS besteet aus Dokteren, Kinéen, enger Dieteticienne an Infirmieren. Fir heihinner kënnen ze kommen, ass een entweder e Sportler mat enger Lizenz an engem Veräin oder et huet ee sech e gréissert sportlecht Zil gesat, wéi zum Beispill e Marathon.