Vun 2025 un dierf den Trainer säi Spiller bei Tournoie coachen

© AFP (Archiv)
Vum nächste Joer u ka bei den Tennistournoien den Trainer säi Spiller coachen. Bis elo war dat jo am Prinzip net erlaabt.
Nodeems d'Resultater vun engem Pilotprojet virleien, gouf dat elo awer um leschte Kongress vun der internationaler Tennisfederatioun esou decidéiert, wéi de President vun der Lëtzebuerger Federatioun Claude Lamberty erkläert
No de Resultater vun engem Pilotprojet gouf dat awer elo um leschte Kongress vun der Internationaler Tennisfederatioun esou decidéiert, sou de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun Claude Lamberty:
"Well u sech gëtt sech erwaart, dass en Trainer eppes Positives ass an dass deng Sportaart an däi Sportler um Terrain jo och kann evoluéieren an do ass esouguer eng international Tennis-Federatioun, trotz där laanger Traditioun, dass et dat net gouf, hu se dat positiv bewäert. Et ass net esou, dass en Trainer wäert op der Bänk sëtze wéi bei den Nationalekippen, mee den Trainer kann am Public sëtzen, en ass och dann offiziell a senger Funktioun als Trainer beim Spiller. An do wou e sëtzt, dierf en déi ganz Zäit, en dierf en Handzeeche weisen, en dierf souguer mat deem Schwätzen, awer nëmme wann en op där Säit vum Spiller ass, en dierf elo net iwwert dee ganzen Terrain jäizen."
Et gëtt sech am Tennis erwaart, dass de Sport mam giele Ball domat gestäerkt an d'Spill nach besser gëtt.