Alessio Curci mat Virlag beim Erfolleg vu Francs Borains géint Eupen

© Val Wagner (Archiv)
Den Nationalspiller huet an der 88. Minutt den entscheedenden 3:2 vu senger Ekipp virbereet. Eng Victoire gouf et och fir Köln mam Mathias Olesen.
Um Sonndeg huet Francs Borains 3 :2 géint Eupen gewonnen. Den Alessio Curci stoung vun Ufank un um Terrain, krut an der 43. Minutt déi giel Kaart gewisen an huet an der Schlussphas den 3:2 virbereet. An der Tabell bleift déi belsch Ekipp am Ofstigskampf, huet duerch de Succès awer Kontakt un d’Plazen am Mëttelfeld.
Eng Divisioun méi héich huet d'Union St.-Gilloise beim Tabellen-Zweetleschte Cercle Bruges just 0:0 gläich gespillt. D'Ekipp vum Anthony Moris huet déi lescht 20 Minutten och nach an Iwwerzuel gespillt, trotzdeem kee Gol markéiert. De Golkipp stoung wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen.
An der 2. däitscher Liga huet sech Köln 1:0 zu Regensburg duerchgesat. De Mathias Olesen gouf an der 83. Minutt agewiesselt. An der Tabell verbessert sech Köln op déi 6. Plaz an huet just nach 2 Punkte Retard op den Tabelleleader Paderborn.
De Seid Korac huet a Serbien 0:1 mat Vojvodina géint FK Čukarički verluer. Den Ofwierspiller stoung an der éischter 11 a krut an der 62. Minutt déi giel Kaart gewisen.
Samschdeg
A Portugal huet Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro 1:0 géint Vitoria Guimaraes gewonnen. No senger Verletzung stoung de Lëtzebuerger um Samschdeg den Owend nees vun Ufank un um Terrain. De Leandro Barreiro gouf beim Stand vun 1:0 an der 68. Minutt fir den Zeki Amdouni ausgewiesselt. Benfica steet an der Tabell, mat engem Match manner, op der 2. Plaz. Leader ass aktuell de Sporting.
An der däitscher Bundesliga huet St. Pauli zu Leverkusen mat 1:2 de Kierzeren gezunn. Dobäi ass den Danel Sinani beim Stand vun 0:2 fir d'Gäscht vun Hamburg an der 79. Minutt fir de Boukhalfa agewiesselt ginn. Zu mei sollt et awer net mei duergoen. ST. Pauli steet an der Tabell mat 11 Punkten op der 15. Plaz. Den Iwwerbléck vun der Bundesliga fannt dir hei.
An der Ukrain huet den Olivier Thill, dee seng Ekipp LNZ Cherkasy als Kapitän op den Terrain gefouert huet, mat 1:3 géint Livyi Bereg verluer. Kuerz viru Schluss krut de Lëtzebuerger eng Giel Kaart gewisen. Domat ass de offensive Mëttelfeldspiller fir de nächste Match gespaart.
Am Aserbaidschan huet de Vincent Thill doheem mat Sabah Fk 1:1-Gläich géint Qarabäg gespillt. De Vincent Thill gouf an der 63. Minutt agewiesselt an huet an der 85. Minutt eng Giel Kaart gewise krut. An der Tabell steet Sabah aktuell op der 5. Plaz.
A Bulgarien huet de Mica Pinto mat ZSKA Sofia 2:2 am Derby géint den CSKA 1948 gespillt. De Lëtzebuerger Defenseur gouf an der Schlussphase agewiesselt.
Bei der 2:0-Victoire vu Breda géint Sparta Rotterdam ass an der Eredivisie an Holland de Enes Mahmutovic bei Breda net zum Asaz komm.
A Polen huet de Sebastien Thill mat Rzeszow 0:3 géint Gornik Leczna verluer. De Sebastien Thill stoung 90 Minutten um Terrain.
An der Belsch gouf et eng batter Néierlag fir Beveren mam Laurent Jans géint Zulte Waregem. Bei der 0:4-Néierlag vu Beveren stoung de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp de ganze Match iwwer um Spillfeld. Beveren steet no 14. Spilldeeg mat 17 Punkten op der 8. Plaz.