An Italien huet Atalanta sech géint Cagliari duerchgesat a bleift domat Tabelleleader, a Spuenien verpasst de Real d'Tabelleféierung mat engem 3:3.

An der Bundesliga huet Mainz fir déi éischt Néierlag vun de Bayern an dëser Saison gesuergt, Leverkusen huet dat mat enger Victoire zu Augsburg ausgenotzt.

Premier League

Liverpool - Fulham 2:2
0:1 Pereira (11'), 1:1 Gakpo (47'), 1:2 Muniz (76'), 2:2 Jota (85')

Mat der éischter Geleeënheet vum Match hunn d'Gäscht den Tabelleleader no 11 Minutte geschockt. Kuerz drop sollt et nach méi déck fir Liverpool kommen, nodeems de Robertson als leschte Mann ze spéit komm ass a vum Terrain geschéckt gouf. D'Reds hu sech schwéier gedoen, si hu sech awer an de Minutte virum Säitewiessel gefaangen a konnten direkt no der Paus duerch e Kappball vum Gakpo ausgläichen. Fulham ass awer net agebrach an huet an Iwwerzuel weider gutt dogéint gehalen. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de Muniz d'Visiteuren nees a Féierung bruecht, ma 10 Minutten drop huet de Jota op der anerer Säit nees egaliséiert. Ee verréckte Match ass domat um Enn 2:2 ausgaangen.

Arsenal - Everton 0:0

Arsenal huet d'Partie vun der éischter bis zur leschter Minutt dominéiert, ass géint eng defensiv agestallt Ekipp vun Everton awer kaum duerchkomm. Déi bescht zwou Geleeënheeten vun de Gunners hat den Odegaard, seng Ofschlëss waren awer allebéid net präzis genuch. Arsenal léisst domat zwee wichteg Punkte leien a bleift op Plaz 3 an der Tabell.

Serie A

Cagliari - Atalanta 0:1
0:1 Zaniolo (66')

Et war eng iwwerraschend ausgeglach éischt Hallschent tëscht Cagliari an Atalanta, an där d'Haushären virun der Paus eng Rei gutt Chancë leie gelooss hunn. An den zweete 45 Minutten huet Atalanta dunn dominéiert a konnt duerch den Zaniolo verdéngt a Féierung goen. Bei deem Score ass et bis zum Schluss bliwwen, soudass Bergamo d'Tabelleféierung weider verdeedegt.

Udinese - Napoli 1:3

1:0 Thauvin (23'), 1:1 Lukaku (50'), 1:2 Giannetti (76', Selbstgol), 1:3 Anguissa (81')

Nom Réckstand an der éischter Hallschent huet Neapel nom Säitewiessel keng Zweiwel um Succès opkomme gelooss. D'Visiteuren hunn hir Chance genotzt an d'Partie verdéngt gedréint, ouni en eenzegen Ofschloss vun Udinese zouzeloossen. Domat bleift een zwee Punkten hannert Atalanta op der 2. Plaz an der Tabell.

Juventus Turin - Venedeg 2:2
1:0 Gatti (19'), 1:1 Ellertsson (61'), 1:2 Idzes (83'), 2:2 Vlahovic (90+5', Eelefmeter)

Et war een ausgeglachene Match, an deem de Gatti no 19 Minutten no engem Corner just nach de Ball huet missen iwwer d'Linn drécken. D'Haushären haten zwar méi vum Ball, Venedeg huet awer gutt matgespillt an huet no enger Stonn net onverdéngt egaliséiert. Eng 10 Minutte viru Schluss huet den Idzes du per Kappball d'Partie gedréint. Et sollt awer op en Neits net déi éischt Liga-Defaite fir den Thiago Motta mat der Juve sinn, well et an der Nospillzäit nach en Eelefmeter gouf, deen de Vlahovic verwandelt huet. Et ass allerdéngs dat 10. Gläichspill um 16. Spilldag fir d'Bianconeri.

Ligue 1

Marseille - Lille 1:1
1:0 Merlin (17'), 1:1 Diakité (87')

No enger Ufanksphas, an där Lille e puer Chancë leie gelooss huet, konnt de Merlin mat enger staarker Aktioun den 1:0 fir d'Lokalekipp schéissen. An der Suite war et een ausgeglachene Match, an deem béid Ekippe hir wéineg Occasiounen net genotzt hunn. Kuerz viru Schluss konnt den Diakité dunn no engem Fräistouss de Ball mam Kapp am Wénkel ënnerbréngen, woumat ee sech mat engem gerechten 1:1 trennt.

Reims - Monaco 0:0

La Liga

Mallorca - Girona 2:1

0:1 van de Beek (7'), 1:1 Larin (20'), 2:1 Larin (51')

Rayo Vallecano - Real Madrid 3:3

1:0 Lopez (4'), 2:0 Mumin (36'), 2:1 Valverde (39'), 2:2 Bellingham (45'), 2:3 Rodrygo (56'), 3:3 Palazon (64')

Rayo Vallecano huet de Real mat Intensitéit iwwerrascht a louch no enger gudder hallwer Stonn duerch zwee Kappbäll 2:0 a Féierung. D'Visiteuren hunn awer nach virun der Paus duerch en Distanzschoss vum Valverde an e Kappball vum Bellingham egaliséiert. Nom Säitewiessel konnt de Rodrygo mat engem ofgefälschte Schoss d'Partie dréinen, op der anerer Säit konnt de Palazon awer nees eng Flank zum 3:3 deviéieren. Dobäi soll et bis zum Schluss bleiwen, soudass ee verréckte Match um Enn kee Gewënner huet.