Mainz klappt d'Bayern, Leverkusen wënnt zu Ausgburg

© AFP
Mönchengladbach huet sech donieft kloer géint Kiel behaapt an Union Berlin ass net iwwer en 1:1 géint Bochum erauskomm.
International goufen et Gläichspiller fir Liverpool géint Fulham an och fir Arsenal géint Everton, wärend Atalanta italieeneschen Tabelleleader bleift.
Mainz huet sech mat 2:1 géint d'Bayern behaapt, woumat de Rekordchampion fir déi 4. Kéier a 5 Saisonen ouni Punkten aus Mainz ofreest. D'Bayern hu wéi erwaart vun Ufank un d'Spillkontroll iwwerholl an hunn no e puer Minutten duerch den Olise de Potto getraff. Mainz ass awer ëmmer nees duerch Konter geféierlech ginn an huet sech och vun der Verletzung vum Kapitän Burkardt onbeandrockt gewisen. No Chaos an der Defense vum Rekordchampion ass de Ball kuerz virun der Paus bei de Lee komm, deen aus kuerzer Distanz den 1:0 fir d'Mainzer schéisse konnt.
Och no der Paus ass de Bayern géint kompakt Haushären net vill agefall, wärend déi sech ganz effizient gewisen hunn an no enger Stonn nees a Persoun vum Lee op 2:0 erhéicht hunn. D'Gäscht hunn an der Schlussphas du vill Opwand bedriwwen an hu sech och duerch de Sané belount, deen de Ball no engem geblockte Schoss just nach iwwer d'Linn drécke misst. Beim 2:1 ass et awer bliwwen, soudass d'Bayern déi éischt Bundesliga-Defaite vun der Saison astieche mussen.
Augsburg huet sech missen 0:2 géint eng souverän Ekipp aus Leverkusen geschloe ginn. No enger Véierelsstonn konnt den amtéierende Champion mat senger éischter Chance vum Match duerch den Terrier a Féierung goen. An der Suite huet Augsburg sech méi getraut, et ass awer weider eng Partie ouni allze vill Occasioune bliwwen. 5 Minutte virum Säitewiessel ass de Wirtz dunn 20 Meter virum Gol un de Ball komm a konnt mat senger ganzer Klass op 2:0 erhéijen. An der zweeter Hallschent war et eng relativ eesäiteg Partie, an där d'Visiteuren de Ball gréisstendeels duerch déi eege Reien dréine gelooss hunn. Um Enn sollt et domat beim verdéngten Erfolleg fir Leverkusen bleiwen, déi elo an der Tabell nach 4 Punkte Réckstand op d'Bayern hunn.
Union Berlin ass no enger fréier rouder Kaart fir Bochum net iwwert en 1:1 géint den Tabelleleschten erauskomm. An der Nospillzäit gouf de Bochumer Golkipp Drewes vun engem Briquet getraff, deen aus dem Block vun den Haushäre geschoss gouf. De Match gouf doropshin ënnerbrach. D'Ekippe sinn du knapps 30 Minutten méi spéit nees erauskomm an hate sech drop verstännegt, fir déi lescht puer Minutten net méi unzegräifen an et beim 1:1 ze beloossen.
Borussia Mönchengladbach hat de Match géint Kiel vun Ufank un ënner Kontroll an huet sech um Enn däitlech mat 4:1 duerchgesat.
Um Owend huet St. Pauli 0:2 géint Bremen verluer. Beim Opsteiger huet den Danel Sinani ugefaangen a gouf kuerz viru Schluss ausgewiesselt.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.