ManUnited schockt ManCity, Dortmund léisst spéit Punkte leien

© AFP
Duerch zwee Goler no der 88. Minutt kënnen d'Red Devils een 0:1-Réckstand ophuelen an de Manchester-Derby nach fir sech entscheeden.
Am internationale Futtballchampionnat muss sech Dortmund duerch ee spéide Géigegol mat engem 1:1-Remis géint Hoffenheim zefridde ginn. Fir Stuttgart gouf et donieft eng 3:1-Victoire zu Heidenheim. An England war Manchester United laang hannen a wënnt duerch zwee Goler an der 88. an der 90. Minutt nach den Derby géint Manchester City. Atlético bleift a Spuenien dann duerch e knappen 1:0-Succès punktgläich um Tabelleleader Barcelona drun.
E Sonndeg waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Bundesliga
Heidenheim - Stuttgart 1:3
0:1 Mittelstädt (20'), 1:1 Wanner (41'), 1:2 Millot (45+2'), 1:3 Woltemade (85')
Stuttgart konnt sech mat 3:1 zu Heidenheim behaapten. No 20 Minutten hate si hir éischt richteg Chance vum Match fir a Féierung ze goen. Wéi aus dem Näischt ass der Lokalekipp dann an der 41. Minutt den Ausgläich gelongen, deen allerdéngs net laang unhale sollt. Kuerz virun der Paus stoung de Millot op der richteger Plaz, mat engem Kappball op 2:1 ze stellen. An der zweeter Hallschent konnt Heidenheim da keng zweet Kéier eng Reaktioun weisen. Per Eelefmeter huet den Nick Woltemade kuerz viru Schluss d'Nerve behalen an domat den Deckel drop gemaach.
Dortmund - Hoffenheim 1:1
1:0 Reyna (46'), 1:1 Bruun Larsen (90+1')
Dortmund bleift duerch eng 1:0-Victoire géint Hoffenheim am ieweschten Drëttel vun der Tabell. No éischte 45 Minutten ouni grouss Héichpunkten ass de BVB mat engem Gol direkt an déi zweet Hallschent gestart. No enger Flank vum Jamie Gittens gouf de Ball net gutt genuch gekläert, sou datt den Giovanni Reyna d'Chance genotzt an op 1:0 stelle konnt. Am weidere Spillverlaf haten d'Haushären da weider gréisstendeels d'Kontroll iwwert de Match, hunn déi dräi Punkten da kuerz viru Schluss awer nach aus der Hand ginn. Ee laangen Aworf war an der Nospillzäit per Kapp op den zweete Potto verlängert ginn, wou de Jacob Bruun Larsen aus fënnef Meter op 1:1 ausgläichen an domat Hoffenheim nach ee Punkt rette konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Brighton - Crystal Palace 1:3
0:1 Chalobah (27'), 0:2 Sarr (33'), 0:3 Sarr (82'), 1:3 Guehi (87')
Manchester City - Manchester United 1:2
1:0 Gvardiol (36')
Am Derby zu Manchester huet sech United duerch zwee spéit Goler mat 2:1 géint City duerchgesat. No engem Corner hat de Ball de Wee op de Josko Gvaridol fonnt, deen aus fënnef Meter mat engem Kappball fir d'Féierung no enger gudder hallwer Stonn suerge konnt. Mat engem gerechten 1:0 ass et fir City an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet United dann d'Initiativ iwwerholl a probéiert de Wee no vir ze sichen. Am grousse Ganzen huet et offensiv awer ufanks un der néideger Prezisioun gefeelt, fir de Stiermer Höjlund an Aktioun ze setzen. An der Schlussphas ass den Drock vun de Gäscht dann ëmmer méi héich ginn. De Spillstand sollt elo nach eemol op d'Kopp gestallt ginn. Een Eelefmeter vum Bruno Fernandes huet als éischt den Ausgläich an der 88. Minutt bruecht an nëmmen zwou Minutte méi spéit konnt den Amad den 2:1 schéissen. Duerch zwee spéit Goler huet United domat nach de Match gedréint a fir sech entscheet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Bologna - Florenz 1:0
1:0 Odgaard (59')
Como - AS Roum 2:0
1:0 Gabrielloni (90+3'), 2:0 Paz (90+7')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Montpellier - Nice 2:2
0:1 Laborde (17'), 1:1 Chotard (22'), 1:2 Bouanani (28'), 2:2 Sainte-Luce (80')
Stade Brest - Nantes 4:1
1:0 Doumbia (24'), 2:0 Chardonnet (27'), 2:1 Douglas Augusto (48'), 3:1 Sima (88'), 4:1 Sima (90+3')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Atlético Madrid - Getafe 1:0
1:0 Sörloth (69')
Ee Gol ass Atlético Madrid e Sonndeg duergaangen, fir sech géint Getafe déi dräi Punkten ze sécheren. Virun den eegene Spectateure ware si an den éischte 45 Minutten déi besser Ekipp, ouni dobäi awer sou richteg geféierlech virun de Gol ze kommen. Och nom Säitewiessel huet de Gaascht aus Getafe laang näischt zougelooss. An der 69. Minutt huet eng prezis Flank dann awer den Alexander Sörloth fonnt, dee mat engem staarke Kappball op 1:0 gestallt huet an um Enn domat d'Partie entscheede konnt.
Alaves - Bilbao 1:1
0:1 Unai Gomez, 1:1 Jordan (67')