Um Enn vum Joer stinn d'Spezialiste mat de Loftdrockwaffe beim RIAC, dem internationale Schéisssporttournoi, ëmmer am Mëttelpunkt.

Bei der 41. Editioun waren 261 Tireuren aus 16 Länner hei zu Lëtzebuerg ageschriwwen. An de leschte Jore war net wierklech e Lëtzebuerger Tireur op internationalem Plang do, fir d'Relève vum Carole Calmes ze iwwerhuelen, déi 2012 de Grand-Duché op den Olympesche Spiller zu London vertrueden huet. Dat kéint an Zukunft awer nees änneren, esou de Mil Manderscheid, Techneschen Direkter vun der Lëtzebuerger Schéisssportfederatioun.

De Mil Manderscheid

"D’Waffegesetz huet d'lescht Joer geännert. Virdru war et 14 Joer, wou een eréischt huet kënnen ufänken. An elo ass dat op 11 erofgesat ginn. Doduercher kréie mer e puer Leit méi, e puer Jugendlecher méi. An den Ënnerscheed vis-à-vis vum Ausland, wou se ëmmer bis elo mat 8, respektiv 10 Joer konnten ufänken, dee verréngert sech doduercher."
 
Grouss Hoffnunge leien an Zukunft op de Schëllere vum Luca Klein. De 17 Joer jonke Spezialist mam Loftgewier koum bei de Junioren um drëtten Dag vum RIAC op déi 12. Plaz.