Méi Sue fir de Sport zu Lëtzebuerg ageplangt

© RTL-Archivbild
E Freideg de Moie gouf de Staatsbudget fir d’nächst Joer gestëmmt.
An engem Video op de soziale Medien huet de Sportminister Georges Mischo bekannt ginn, datt dem Sport d’nächst Joer 66 Milliounen Euro, also 62 % méi wéi 2023, zur Verfügung stinn.
De COSL an déi sëlleg Federatioune mat hiren 1.300 Veräiner an 136.000 lizenzéierte Sportler sollen an Zukunft vun enger méi breeder Offer kënne profitéieren a ginn domadder mat 13,6 Milliounen Euro ënnerstëtzt. Dat wieren dem Sportminister no 50 % méi wéi 2024. Donieft wëll d’Regierung d’nächst Joer 5 Milliounen an d’Moderniséierung vun de Sportinfrastrukturen am Héichleeschtungssport wéi och am Fräizäitberäich investéieren. Iwwer déi nächst 5 Joer sinn insgesamt 130 Milliounen Euro virgesinn, fir nei Infrastrukturen ze schafen, wéi ënner anerem ëffentlech Schwämmen oder Sport-Komplexer.
Donieft wëll de Sportminister Georges Mischo d’Roll vum Sport-Coordinateur an de Gemenge promovéieren. Dofir investéiert d’Regierung 2025 ronn eng Millioun Euro, fir d’Beweegung an de Sport an de Gemengen ze stäerken a fir eng breet Offer kënnen unzebidden.
Weider huet de Georges Mischo betount wéi eng wichteg Roll de Sport a Saachen Educatioun, Integratioun an Inclusioun huet. D’Zil wier et, eng inklusiv a proaktiv Sportpolitik ze bedreiwen, sou de Georges Mischo weider.