Staatsbudget fir 2025 gestëmmt

© Image Chambre des Députés / Flickr
De Staatsbudget fir d'nächst Joer gouf en Donneschdeg mat 35 Jo-Stëmmen zu 25 Nee-Stëmmen ugeholl.
Nodeems d'Rapportrice Corinne Cahen en Dënschdeg de Rapport zum Budgetsprojet fir 2025 presentéiert hat an de Finanzminister Gilles Roth e Mëttwoch d'Previsioune fir dat nächst Joer annoncéiert huet, gouf de Staatsbudget 2025 en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt.
Schonn en Dënschdeg hat d'DP-Deputéiert Cahen, déi Rapportrice vum Budgetsprojet ass, vun engem "ambitiéise" Budget geschwat, dee viru villen Erausfuerderunge wéi der "Veralterung vun der Populatioun" an der "Hausse vun den Energiepräisser" stéing. D'Corinne Cahen gesäit awer eng Chance an der Kënschtlecher Intelligenz, déi besonnesch bei der Produktivitéit an der Gesondheet kéint nëtzlech sinn.
De Finanzminister Roth sengersäits huet fir 2025 eppes tëscht Optimismus a Pessimismus an Aussiicht gestallt. Fir d'Fréijoer géinge sech deemno eng 500 Millioune manner Defizit erwaart ginn. Dat trotz ënnert anerem dem Entlaaschtungspak fir Leit a Betriber.