Nom dem James Wade, dem Mike De Decker an dem Gabriel Clemens gouf mam Michael Smith en Donneschdeg e weidere groussen Numm op der Darts-WM eliminéiert.

An der zweeter Ronn huet sech de Weltmeeschter vun 2023 an d'Nummer 2 an der Weltranglëscht 2:3 géint den Hollänner Kevin Doets misse geschloe ginn.

Den Däitsche Gabriel Clemens huet schonn en Donneschdeg am Nomëtteg 1:3 géint de Waliser Robert Owen de Kierzere gezunn.

E Freideg den Owend spillt ënner anerem de Weltranglëschten-Drëtten an dräifache Weltmeeschter Michael Van Gerwen géint den Englänner James Hurrell.