Danel Sinani wënnt mat St. Pauli

© AFP
Leverkusen a Bremen feieren héich Victoiren. De positive Laf vu Gladbach geet weider, wärend Stuttgart mat enger Néierlag an d'Wanterpaus geet.
Den Opsteiger Holstein Kiel huet laang op déi nächst Punkte waarde mussen. No 5 Néierlagen um Stéck konnten d'Storche mam 5:1 géint Augsburg hir zweet Victoire an dëser Saison feieren. No der fréier Féierung vun Augsburg huet Kiel séier eng Äntwert fonnt an huet duerno net méi opgehalen, Goler ze schéissen. Et huet einfach alles funktionéiert bei de Storchen. Scho virun der Paus konnt d'Ekipp aus Schleswig-Holstein op 4:1 stellen an huet Augsburg un d'Mauer gespillt. Am zweeten Duerchgang huet d'Kieler Effektivitéit nogelooss, hinne sollt awer nach an der Nospillzäit de 5. Gol geléngen.
Am Rheinhessen-Derby huet Mainz seng Victoire vu virun enger Woch géint d'Bayern vergëllt a mat Frankfurt déi nächst Spëtzenekipp geklappt. No 90 Minutte stoung et 3:1 fir den Ex-Veräi vum Leandro Barreiro, deen domat an d'Top5 spréngt. Mainz war ab der 21. Minutt just nach zu Zéng um Terrain, louch awer schonn 1:0 a Féierung duerch en Eegegol vum Frankfurter Golkipp. Nach virun der Paus konnt Mainz op 2:0 stellen. Mam drëtte Gol an der 58. Minutt war den Derby sou gutt wéi decidéiert, dorun huet och den Uschlossgol vu Frankfurt näischt méi geännert.
Eng weider héich Victoire huet Werder Bremen gefeiert. D'Ekipp vun der Weser huet Union Berlin mat engem 1:4 heemgeschéckt. Domat konnt Bremen déi lescht dräi Matcher gewannen. Schonn zur Paus hat et 3:1 fir d'Lokalekipp gestanen. Berlin huet awer net opginn an op den Uschloss gedréckt, huet sech awer spéit nach de véierte Gol gefaangen.
Och fir Gladbach geet de positiven Trend weider. Mat der 2:1-Victoire zu Hoffenheim setze sech d'Fohlen an der ieweschter Hallschent vun der Tabell fest a sti sou gutt do wéi zënter enger Rei Joren net méi. Hoffenheim dogéint bleift och mam neien Trainer am Tabellekeller.
St. Pauli iwwerrascht Stuttgart a gewënnt am Schwabenland 1:0. D'Hamburger konnten den entscheedende Gol an der 21. Minutt markéieren. Stuttgart huet de ganze Match iwwer ze harmlos agéiert a geet mat enger Néierlag an d'Wanterpaus. Fir St. Pauli, wou den Danel Sinani an der 70. Minutt agewiesselt gouf, war et déi drëtt Auswäertsvictoire.
Leverkusen iwwerwanter op Tabelleplaz 2 an huet weiderhi 4 Punkte Réckstand op de Rekordmeeschter Bayern München. Den amtéierenden däitsche Meeschter huet sech beim 5:1 géint Freiburg keng Bléisst ginn an eng iwwerzeegend Leeschtung gebueden. Virun allem de Patrick Schick war mat senge 4 Goler Man of the Match. De Florian Wirtz, deen an der 33. Minutt en Eelefmeter verschoss hat, huet de véierte Gol bäigesteiert. Freiburg war 60 Minutte gutt am Match a koum nom 0:2 nach eng Kéier zeréck, mee ass duerno ausernee gefall.
E Freideg hat sech den FC Bayern München mat 5:1 géint RB Leipzig duerchgesat.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.