Negative Laf vu ManCity a Barcelona geet weider

© AFP
Arsenal huet de London-Derby géint Crystal Palace gewonnen. An Italien setzt Neapel Bergamo ënner Zuchzwang.
Bundesliga
De Resumé vun de Matcher vum 15. Spilldag fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Aston Villa - Manchester City 2:1
1:0 Duran (16'), 2:0 Rogers (65'), 2:1 Foden (90'+3)
Den negative Laf vum amtéierende Champion Manchester City geet weider. Géint Aston Villa hunn d'Skyblues déi 6. Néierlag an dëser Saison kasséiert. Et war den drëtte Match hannerteneen ouni Victoire fir d'Ekipp vum Pep Guardiola. Nom Réckstand huet ManCity ze harmlos agéiert a war méi mat der Defense wéi mam Ugrëff beschäftegt. Och an der zweeter Hallschent hunn d'Skyblues net hiert gewinnt Bild gewisen a konnte mat der knapper Néierlag nach zefridde sinn.
Ipswich - Newcastle 0:4
0:1 Isak (1'), 0:2 Murphy (32'), 0:3 Isak (45'+2), 0:4 Isak (54')
Crystal Palace - Arsenal 1:5
0:1 Gabriel Jesus (6'), 1:1 Sarr (11'), 1:2 Gabriel Jesus (14'), 1:3 Havertz (38'), 1:4 Martinelli (60'), 1:5 Rice (84')
An enger ënnerhalsamer Partie ass Arsenal verdéngt als Gewënner vum Terrain gaangen. Crystal Palace krut de Gabriel Jesus net an de Grëff, deen zwee Goler bäisteiere konnt, och wann d'Südlondoner net vill méi schlecht ware wéi d'Gunners. Crystal Palace wollt sech am London-Derby net ënnerkréie loossen an hat no der Paus zwou gutt Chancen, déi awer net de Wee an de Filet fonnt hunn. Dogéint hunn d'Gunners op 4:1 erhéicht, wat Crystal Palace den Zant gezunn huet. Um Enn gouf d'Resultat ze däitlech vum Spillverlaf hier.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
FC Genua - Neapel 1:2
0:1 Zambo Anguissa (15'), 0:2 Rrahmani (23'), 1:2 Pinamonti (51')
Neapel huet am Kampf ëm d'Tabellespëtzt virgeluecht a Bergamo fir e Sonndeg ënner Zuchzwang gesat. D'Napolitaner konnte sech beim Ofstigskandidat FC Genua behaapten an iwwerhuele provisoresch d'Tabellespëtzt.
US Lecce - Lazio Roum
0:1 Castellanos (45+3'), 1:1 Tete Morente (50'), 1:2 Marusic (87')
Lazio Roum bleift uewen an der Tabell mat drun. E Samschdeg den Owend huet ee sech an Iwwerzuel mat 2:1 beim US Lecce behaapt. Den decisive Gol ass awer eréischt an der Schlussphas duerch de Marusic gefall.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
FC Barcelona - Atlético Madrid 1:2
1:0 Pedri (30'), 1:1 De Raul (60'), 1:2 Sörloth (90+6')
Den FC Barcelona huet um 18. Spilldag an der La Liga d'Tabelleféierung missen ofginn. D'Katalanen hu géint Atlético Madrid mat 1:2 de Kierzere gezunn. Vun de leschte sechs Championnatsmatcher huet Barca nëmmen ee Match gewonnen.
No 30 Minutte war Barcelona duerch de Pedri mat 1:0 a Féierung gaangen. Fir den Ausgläich huet den De Paul an der 60. Minutt gesuergt. Duerno huet et laang no engem Remis ausgesinn, ma Atlético ass Sekonne viru Schluss nach duerch de Sörloth den decisiven 2:1 gegléckt.
Fir d'Gäscht ass et déi siwent Victoire noeneen. Si sinn elo och de Leader am spuenesche Championnat, dat mat dräi Punkten Avance op Barcelona.