Am Schisprange war d'Generalprouf fir d'Véierschanzentournee, déi d'nächst Woch start. Am Schi Alpin kënnt keen un de Marco Odermatt erun.

D'Häre-Schisprangen zu Engelberg war am zweeten Duerchgang vu staarke Wandstéiss gepräägt, wat zu enger Rëtsch schlechte Spréng geféiert huet. Um Enn hat den Éisträicher Jan Hörl déi meescht Punkten a konnt viru sengem Landsmann Daniel Schofenig an dem Schwäizer Gregor Deschwanden gewannen. D'Däitsch Andreas Wellinger a Karl Geiger hu beim Testlaf fir d'Véierschanzentournee de Sprong op de Podium knapp verpasst. Dem am Moment beschten Däitschen, Pius Paschke, säi Laf gouf mat der 10. Plaz jee ënnerbrach.

Och d'Damme waren e Samschdeg zu Engelberg am Asaz. Hei konnt déi Däitsch Katharina Schmid hir staark Leeschtung mat Plaz 2 nees ënner Beweis stellen. Méi wäit gespronge war just d'Sloweenin Nika Pevc. Déi drëtt Plaz war fir Norweegerin Thea Minyan Björseth.

Beim Weltcup zu Gröden an Italien huet de Marco Odermatt eng weider Victoire an der Descente am Schi Alpin verbuche kënnen. Op der bekannter Saslong war de Schwäizer um Enn 0,45 Sekonne méi séier wéi säi Landsmann Franjo von Allmen, dee just 1 Honnertstel méi séier war wéi den Amerikaner Ryan Cochran-Siegle (+ 0,46). Fir den Odermatt war et seng 40. Victoire an engem Weltcup. An der Gesamtwäertung läit de Schwäizer 50 Punkte virum Henrik kristoffersen aus Norwegen, deen zu Gröden net un den Depart gaange war.

Bei den Dammen huet d'Lindsey Vonn hire Comeback gefeiert. D'Amerikanerin ass déi éischt Persoun, déi mat enger Knéi-Prothees bei engem Weltcup untrëtt.

Am Biathlon bei de Männer huet de Johannes Thingnes Bö nees gewisen, wie Chef am Haus ass. Nodeems hien de Sprint net gewanne konnt, huet hie sech an der Poursuite zeréckgemellt. Den Norweeger huet mat enger staarker Lafleeschtung a just engem Schossfeeler d'Fransousen Eric Perrot (+ 27,6) an Emilien Jacquelin (+ 47,5) bei hirer Heemcourse zu Annecy hannert sech gelooss. Et war dem Thingnes Bö seng insgesamt 88. Victoire bei enger Weltcup-Course.

Bei den Dammen war kee Kraut géint d'Franziska Preuß gewuess. D'Däitsch koum sech mat just engem Schéissfeeler virun der Franséisin Julia Simon (+ 27,3), déi sech zwee Schéissfeeler erlaabt hat, an d'Zil. D'Vanessa Voigt (+ 44,3) huet dat gutt däitscht Resultat zu Annecy ofgeronnt.