Iwwerraschend Victoire vum Schwäizer Alexis Monney an der Descente zu Bormio

© SID/FABRICE COFFRINI
Fir de Schi-Alpin-Fuerer ass et déi éischt Victoire am Weltcup.
Doublé fir d'Schwäiz bei der Weltcup-Descente am Schi-Alpin zu Bormio an Italien. De Schwäizer Alexis Monney huet sech e Samschdeg iwwerraschend d'Victoire geséchert. Bis ewell war eng 8. Plaz zu Kitzbühel zejoert dem 24 Joer ale Schwäizer säi bescht Weltcup-Resultat.
Hien war als 19. déi berüchtegt a geféierlech Stelvio-Pist erofgefuer. Um Enn hat hien 0,24 Sekonne Virsprong op säi Landsmann Franjo van Allmen. Als Drëtten hat de Cameron Alexander aus Kanada e Retard vun 0,72 Sekonnen.
Beim Training war de Fransous Sarrazin jo ganz schlëmm gefall an hat sech um Kapp blesséiert. Hie gouf e Freideg den Owend operéiert an ass weider am kënstleche Koma.
Brignone wënnt Riseslalom
D'Damme fueren de Weekend zu Semmering an Éisträich. E Samschdeg huet d'Italienerin Federica Brignone de Riseslalom gewonnen an domadder hir zweet Victoire an dëser Saison gefeiert. D'Schwedin Sara Hector huet sech am 2. Duerchgang nach vu Plaz dräi op Plaz zwee verbessert an hat um Enn e Réckstand vun 0,57 Sekonnen. D'Neiséilännerin Alice Robinson huet de Podium komplettéiert. Si hat e Retard vun 0,90 Sekonnen.