Optakt vun der Véierschanzentournée
Éisträicheschen Triplé zu Oberstdorf

De Stefan Kraft war beim 1. Sprange vun der Véierschanzentournée de Beschten.
Déi éisträichesch Schisprénger haten et e Samschdeg an der Qualifikatioun schonn ugedeit, dass ee si beim Optaktsprangen zu Oberstdorf ganz uewen op der Rechnung muss hunn. E Sonndeg hu si hir staark Form dann och mat engem Triplé bewisen.
D‘Victoire huet sech de Stefan Kraft mat Spréng op 138 an 135,5 Meter geséchert. Um Enn hat hien e Virsprong vun 3,5 Punkten op de Jan Hörl. Drëtten ass den Daniel Tschofenig ginn op 11,5 Punkten.
De Leader am Weltcup Pius Paschke ass de Véierte ginn op 13,8 Punkten.
An den nächsten Deeg stinn da Garmisch-Partenkirchen, Innsbruck a Bischofshofen um Programm.
Am meeschte gelies