E Méindeg huet d'Ekipp aus der Forge du Sud an engem Communiqué matgedeelt, datt de Marco Martino an der Réckronn net méi op der Trainerbänk sëtze wäert.

No enger preziser Analys vun der Hironn huet de Conseil d'Administration vum F91 Diddeleng d'Decisioun geholl, sech vum Marco Martino ze trennen. Dës Entscheedung wier wuel iwwerluecht, nodeems sech erausgestallt huet, datt béid Säiten ënnerschiddlech Visioune fir d'Zukunft an d'Ziler vum Veräin hunn. Dofir wëll de Veräin aus der Forge du Sud elo en neie Wee aschloen. Wien dem Marco Martino säi Successeur gëtt, ass bis elo nach net gewosst. Dëst wëll den F91 awer zäitno matdeelen.

Den 30 Joer ale Marco Martino hat éischt am September als Trainer beim F91 ugefaangen. De Club ass den Ament op zweeter Plaz an der Tabell.