Enes Mahmutovic an Yvandro Borges feele blesséiert
© Arnaud Serexhe
En Donneschdeg de Moien huet de Futtballnationaltrainer Jeff Strasser säi Kader fir déi lescht zwee Matcher an der WM-Qualifikatioun annoncéiert.
Géint Däitschland an Nordirland muss den 51 Joer alen FLF-Trainer op déi Blesséiert Enes Mahmutovic an Yvandro Borges verzichten. Den Enes Mahmutovic huet eng Blessur un den Adduktoren. Den Yvandro Borges ass net honnertprozenteg fit, dofir gouf zesumme mat sengem Veräin Heracles Amelo decidéiert, dës Lännermatcher auszesetzen.
De Mica Pinto an de Vincent Thill feele weiderhi blesséiert am Kader vun der FLF-Selektioun. Zeréck am Krees vun de Roude Léiwen ass no iwwert engem Joer de Mirza Mustafic. Fir de bis dohin U21-Nationalspiller Adulai Djabi Embalo ass et dogéint déi 1. Selektioun.
Lass geet et fir d’Ekipp vum Jeff Strasser de 14. November mat der Partie heiheem géint Däitschland. Dräi Deeg drop spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp dann hire leschte Match auswäerts an Nordirland.