De Racing verkeeft sech deier géint den 1. FC Köln
© Alexandre Benavente Martingil - rtl.lu
An der 2. Ronn vun der Youth League war et e Mëttwoch den Owend de Retourmatch géint Köln, an do konnt sech de Racing als wierdege Géigner erweisen.
No der klorer 0-3-Defaite doheem am Allersmatch war et e Mëttwoch den Owend de Retourmatch zu Köln. Vun de ronn 5.000 Spectateure hu sech d'Lëtzebuerger awer net grouss beandrocke gelooss, an hate schonn no 3 Minutten duerch den Arnold Qevani d'Chance, a Féierung ze goen.
An der 17. Minutt war et dunn duerch de Schenten den 1:0 fir Köln. Duerch en onnéidege Ballverloscht vum U17-Weltmeeschter Fayssal Harchaoui konnt de William Messan awer an der 20. Minutte fir de Racing egaliséieren. A kuerz drop konnt den FC erëm a Féierung goen, wéi de Puzzo zum 2:1 markéiert huet.
An der Suite sollt et op béide Säiten zu enger Rei weidere Chancë kommen, Goler sollte awer keng méi falen. Ënnert dem Stréch konnt sech den Nowuess vum Racing an engem Duell op Aenhéicht deier verkafen. D'U17 vu Köln steet elo an der drëtter Ronn vun der Youth League a wäert do op den dänesche Vertrieder FC Midtjylland treffen.
Kuckt hei d'Fotoe vum Allersmatch:



















































































































































































































































































































































































