Wolfgang "Teddy" de Beer am Alter vu 60 Joer gestuerwen

© AFP
A senger Karriär huet hie beim BVB den DFB-Pokal an d'Champions League gewonnen a gouf zwee Mol däitsche Champion.
Den 30. Dezember ass de Wolfgang de Beer am Alter vu 60 Joer onerwaart verscheet an hannerléisst seng Fra a seng zwou Duechteren. Dat nëmmen e puer Deeg viru sengem 61. Gebuertsdag, deen hien dësen Donneschdeg gefeiert hätt. Besser bekannt war hien ënnert dem Numm "Teddy" beim däitsche Bundesligist Borussia Dortmund, bei deem hie vun 1986 bis 2001 ënner Vertrag stoung.
Bei de Supporter war den däitsche Golkipp immens beléift a konnt 1989 mam DFB-Pokal säin éischten Titel mam Club aus dem Ruhrpott feieren. Och beim Gewënn vum däitsche Championnat 1995 an 1996, sou wéi vun der Champions League 1997, stoung hien am Kader vum BVB. Donieft war hien als Spiller a spéider och als Golkipptrainer bei 9 vun de 16 Titelen dobäi, déi d'Westfalen an hirer Veräinsgeschicht gewanne konnten. Bis 2018 war den "Teddy" de Beer nach Golkipptrainer zu Dortmund a bis kuerz viru sengem Dout hat hie sech nach als Betreier vun de Supporter engagéiert.