Vun e Freideg bis e Sonndeg gëtt an der Coque déi 35. Editioun vum Novotel Cup am Volleyball gespillt.

Gelongenen Optakt fir d'Lëtzebuerger Volleyballnationalekipp vun den Häre beim Novotel Cup 2025. D'FLVB-Formatioun huet e Freideg den Owend de Match géint England mat 3:0 an de Sätz gewonnen. Déi éischt zwee Sätz hate Gilles Braas a Co. mat 25:17 fir sech entscheet. Den drëtte Saz war méi enk an ass an d'Verlängerung gaangen. Um Enn hunn d'Rout Léiwen awer d'Iwwerhand behalen an de Saz mat 32:30 an domadder och de Match fir sech entscheet.

Bei den Dammen huet den Optaktmatch England géint Däitschland (U18) geheescht. Hei hu sech béid Ekippen eng ganz serréiert Partie geliwwert, déi iwwer fënnef Sätz gaangen ass. Um Enn huet sech England mat 3:2 (25:17, 25:20, 22:25, 19:25, 15:13) géint Däitschland behaapt.

E Samschdeg ass et d'Suite vum Novotel Cup. Um 16.30 Auer sinn dann d'Lëtzebuerger Dammen eng éischte Kéier gefuerdert. Si kréien et mat England ze dinn. An um 19 Auer ass et bei den Hären d'Partie Lëtzebuerg géint Däitschland (U19). D'Partië kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.