Benfica léisst mam Barreiro Punkte leien

© Val Wagner (Archiv)
Fir Benfica an de Leandro Barreiro war et déi zweet Néierlag hannerteneen. Och de Florian Bohnert ass mat eidelen Hänn heemgefuer.
Fir Benfica Lissabon geet et nees ofwäerts. D'Ekipp vum Leandro Barreiro huet déi zweet Néierlag hannertenee kasséiert, an dat géint den direkte Konkurrent Sporting Braga. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwer 90 Minutten um Terrain an huet beim 1:2 vum Cabral d'Virlag ginn. Kuerz viru Schluss krut de Barreiro nach déi Giel Kaart gewisen.
Aus Éisträich koum e Samschdeg d'Nouvelle, dass de Marvin Martins vun Austria Wien an d'hollännesch Eredivisie bei Almere City wiesselt.
Freideg
Bastia verléiert e wichtege Match géint den direkte Konkurrent Grenoble mat 2:3 a steet weiderhin am Mëttelfeld vun der Tabell mat enger Avance vu 7 Punkten op déi éischt Ofstigsplaz. De Réckstand no uewe bedréit 9 Punkten. De Florian Bohnert stoung wärend den 90 Minutten um Terrain.