Lëtzebuerger Ekipp fir d'Wanterspiller 2025 gouf presentéiert
De leschte Sonnde war d’Presentatioun vun der Lëtzebuerger Ekipp fir d’Wanterspiller vun de Special Olympics am Mäerz dëst Joer zu Turin.
Passend zum Thema vum Dag hat ee sech ee wanterlecht Environnement erausgesicht fir d’Presentatioun vun der Ekipp, déi Lëtzebuerg dëst Joer vertriede soll. Mee wat sinn d’Special Olympics da genau?
"Et ginn dräi grouss Federatiounen, wou den Olympeschen Numm kënnen droen a mir sinn eng vun deenen. Mir ginn oft mat de Paralympics verglach oder verwiesselt, mee mir sinn d'Special Olympics. Bei eis komme Sportler, déi ee speziellt Bedürfnis hunn. Mir probéieren, mat deenen da Sport ze maachen iwwer d’ganz Woch an all 4 Joer hu mir dann eng Olympiad, sief et am Wanter oder am Summer, wou mir da kënnen Athleten dohinner schécken.", erkläert de Roberto Traversini, de President vun de Special Olympics Lëtzebuerg.
Dräi Sportaarte wäerte bei de Wanterspiller 2025 aus Lëtzebuerger Siicht ofgedeckt ginn. Laanglaf, Schi Alpin a Schnéischung-Goen. Fir d’Sportler wäert dobäi natierlech d’Kompetitioun am Vierdergrond stoen, mee de Spaass an den Alldag an der Ekipp sollen awer net ze kuerz kommen. D’Schaffen am Grupp war dobäi och ee Krittär, wéi d’Athleten ausgesicht goufen.
"Eis Krittäre waren net dee Séiersten oder dat Séierst dohinner ze schécken, mee et war méi d’Fro: wie war nach net op esou engem Event. Wie bréngt et fäerdeg, eng oder zwou Wochen an engem Grupp ze fonctionéieren. Wie bréngt et fäerdeg, reegelméisseg op een Training ze kommen. Déi hu mir versicht erauszefilteren an dat sinn déi 11 Athleten, déi presentéiert goufen.", betount de Roberto Traversini.
Trotzdeem huet een op d'Zukunft gekuckt ee Problem, nei Athleten ze fannen. Dowéinst sinn Evenementer wéi dëst extrem wichteg, fir sech no baussen ze weisen.
"Mir wëllen dovunner profitéieren, fir eis nach méi bekannt ze maachen. Dofir sinn déi Wanterspiller extrem wichteg. Mir mierken, datt eis Athlete méi al ginn a mir hunn een Nowuessproblem an esou probéiere mir, nei Sportler a Sportlerinne bei eis ze kréien."
Ob dat klappt, bleift ofzewaarden. D’Ekipp fir dëst Joer ass op alle Fall prett, fir alles ze ginn.