Zwou interessant Woche fir de Lëtzebuerger Tennis
Vum 19. bis de 26. Januar organiséiert déi Lëtzebuerger Tennis Federatioun FLT een ITF-Tournoi fir Dammen an Hären am CNT zu Esch.
Eng Nouveautéit, déi et bis e well nach ni zu Lëtzebuerg gouf. Ufank Februar spillt déi Lëtzebuerger Tennis Davis-Cup-Ekipp heiheem géint Litauen. Um Spill steet den Opstig an de Weltgrupp I. Schonn do virdru kënne sech déi Lëtzebuerger Tennis Supporter iwwert qualitativ gudden Tennis zu Lëtzebuerg freeën.
Fir déi éischte Kéier organiséiert déi Lëtzebuerger Tennis Federatioun FLT vun e Sonndeg bis de 26. Januar d’“Luxembourg Open”. Een ITF-Tournoi souwuel fir d'Damme wéi och fir d’Hären. Et ass u sech eppes, wat ee vu groussen internationalen Tennis-Tournoie kennt. Bis e well war dat zu Lëtzebuerg awer nach net de Fall. D’Ëmsetzung war awer guer net sou einfach, dozou den FLT-President Claude Lamberty:
"Dat ware ganz zéi Verhandlunge mat der internationaler Tennisfederatioun, déi mir erfollegräich gefouert hunn a mir wäerten da wierklech Spëtzesport hei zu Lëtzebuerg ubidden. Quasi am Virfeld vun der Davis-Cup-Renconter vun eiser Nationalekipp. Fir d'Éischt eng Woch vollgepaakt mat Spëtzentennis hei am Nationalen Tenniszenter zu Esch an duerno dann an der Coque eis Nationalekipp am Playoff fir d'Weltgrupp I. Dat ass wierklech Tennis vum héchsten Niveau an deenen nächsten Deeg a Wochen zu Lëtzebuerg."

© Serge Olmo
Op dësem international gutt besaten Tournoi ass bei den Dammen aus Lëtzebuerger Siicht d’Marie Weckerle mat dobäi. Déi 21 Joer jonk Lëtzebuergerin hat laang Problemer wéinst enger Blessur um Fouss. D’Spillerin vun der Spora geet mat gemëschten Ambitiounen an dësen Tournoi:
"Et geet een ëmmer an een Turnéier eran, fir en ze gewannen. Et ass awer elo mäin Éischten no der Blessur. Et ass en extrem staarken Tournoi, also wëll ech mir do net ze vill Drock maachen. D'Zil ass et mäi Bescht ze maachen an da kucken mir, wéi wäit ech ka kommen."
Déi Lëtzebuerger Faarwe gi bei den Häre vun der Davis-Cup-Ekipp vertrueden. De Chris Rodesch, den Alex Knaff a Co. wëllen dësen Tournoi virun allem notzen, fir sech beschtméiglech op de Rendezvous géint Litauen den 1. an 2. Februar ze preparéieren, esou den FLT-President Claude Lamberty:
"Dat ass fir eis Ekipp mengen ech eppes ganz Wichteges, datt ee sech zesumme preparéiert, virun eegenem Public. Fir d'éischt hei zu Esch an duerno an der Coque hu mir dat ganz grousst Zil fir do géint Litauen e beschtméiglechst Resultat kënnen ze maachen."

© Serge Olmo
D’Tickete fir d’Davis-Cup-Partie géint Litauen si gréisstendeels ausverkaaft. Do virdru läit d’Opmierksamkeet vun der Lëtzebuerger Tennis-Famill awer mol fir d’éischt op de “Luxembourg Open”.