D'Union St.-Gilloise an den Anthony Moris mat Victoire géint Leuven

© AFP (Archiv)
Fir Elversberg gouf et donieft eng batter Néierlag. De Vincent Thill huet am Aserbaidjan weider Spillpraxis gesammelt.
An der ieweschter Divisioun an der Belsch gouf et en 1:0-Succès fir d’Union Saint-Gilloise géint OH Leuven. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt 90 Minutten um Terrain. An der Tabell erkrabbelt sech seng Ekipp esou lues. Do steet een den Ament op der 3. Plaz.
An der 2. däitscher Bundesliga gouf et eng batter 2:5-Defaite fir Elversberg géint Magdeburg. Fir d’Ekipp vum Co-Trainer Raphael Duarte war et gutt lass gaangen an et war een an der Paus 2:0 vir. Kuerz virun der Paus krut Elversberg awer ee Mann vum Terrain gesat. De Gäscht sinn nom Téi an Iwwerzuel 5 Goler gelongen. An der Tabell läit Elversberg elo op der 7.Plaz.
En 1:1-Gläichspill gouf et am Aserbaidjan tëscht Neftçi Baku a Sabah, der Ekipp vum Vincent Thill. De Mëttelfeldspiller gouf an der 56.Minutt beim 0:0 agewiesselt. An der Tabell läit Sabah op der 5. Plaz.
Den Enes Mahmutovic souz an Holland bei der 2:1-Victoire vun NAC Breda géint Enschede de ganze Match op der Bänk.
Samschdeg
An der belscher Challenger Pro League sinn um 18. Spilldag zwee Lëtzebuerger openee getraff. De Laurent Jans war mat Beveren bei Francs Borains ze Gaascht, wou den Alessio Curci vun Ufank un um Terrain stoung. Um Enn hu sech béid Ekippe mat engem 0:0-Remis d'Punkte gedeelt.
An der 1. Bundesliga gouf et fir den FC St. Pauli dräi wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig, mat deenen een op déi 13. Plaz klëmmt. Den Danel Sinani war bei der 2:0-Victoire zu Heidenheim awer net an den Asaz komm.
Freideg
Perfekten Owend fir de Leandro Barreiro mat Benfica Lissabon am portugisesche Championnat. De Lëtzebuerger huet bei der 4:0-Victoire géint den FC Famalicao direkt dräi Goler markéiert. An der 11. Minutt hat de Barreiro fir den 1:0 gesuergt, an der 36. Minutt huet hien op 2:0 gesat an an der 67. Minutt war et den 3:0 duerch de Lëtzebuerger. Fir d'4:0-Schlussresultat huet de Kökçü an der 81. Minutt gesuergt.
Duerch d'Victoire zitt Benfica Lissabon an der provisorescher Tabell mam Leader Sporting Lissabon gläich. Sporting spillt e Samschdeg den Owend um 19 Auer auswäerts géint Rio Ave.
Hei fannt Dir d'Resultater vum portugisesche Championnat.
An der Ligue 2 a Frankräich huet Bastia mat 0:1 zu Amiens de Kierzere gezunn. Den decisive Gol huet de Mafouta an der 82. Minutt per Eelefmeter markéiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller Florian Bohnert stoung bei Bastia déi 90 Minutten um Terrain.
An der 3. Liga an Däitschland huet Erzgebirge Aue auswäerts mat 1:2 géint d'Nowuessekipp vun Hannover verluer. De Lëtzebuerger Golkipp Tim Kips souz bei Aue op der Bänk a bei Hannover war dat och de Fall fir de Lëtzebuerger Jayson Videira Pereira.