Am Nodrosmatch ka sech Käerjeng zu Esch behaapten. Bei den Damme gouf et kloer Victoirë fir d’Favoritten.

Axa League Hären

RTL

© Serge Olmo

An engem Nodrosmatch aus dem Oktober ass Käerjeng déi éischt Victoire ënner dem neien Trainer Ben Schuster gelongen. An engem emkämpfte Match wosst d’Ekipp aus der Brauereistad virun allem an der zweeter Hallschent ze iwwerzeegen a gewënnt um Enn 23:21 géint den HB Esch.

Esch war de gréissten Deel vun der éischter Hallschent déi kloer dominéierend Ekipp a louch an der 27. Minutt 12:6 vir, wat och de gréisste Virsprong war. Käerjeng si virun der Paus awer nach 3 Goler gelongen, sou dass d’Resultat net méi sou schlëmm ausgesinn huet.

Déi Gréng hunn dëse Schwong mat an den zweeten Duerchgang geholl a konnten no 36 Minutten ausgläichen a sech uschléissend souguer op 4 Goler ofsetzen (13:17), well Esch wärend 13 Minutte kee Gol méi zustane krut. D’Lokalekipp war ab der 52. Minutt nees op 2 Goler drun, huet et an der Crunchtime awer net gepackt, de Bock nach eng Kéier ëmzestoussen.

Handball Käerjeng-Esch / Resumé Serge Olmo

Axa League Dammen

Bei den Damme stoung de kompletten 12. Spilldag um Programm. Hei huet sech den Tabelleleader Diddeleng keng Bléisst ginn a gewënnt ouni Problem 32:17 géint den HB Esch. Den HBD bleift domat ongeschloen an huet weiderhin zwee Punkten Avance op de Verfollger Käerjeng. Dësen huet am éischte Match ënner dem neien Trainer Dan Mauruschatt, deen Ufank Januar de Benjamin Guillaume beierft hat, 39:10 beim Tabelleleschten HC Atert Réiden gewonnen. D’Tina Welter mat 9 an d’Jil Reiter mat 7 Goler ware bescht Scorerinne fir de Rekordchampion.

Och am Match tëscht Dikrech an dem Standard gouf et eng kloer Victoire fir de Favorit. De Chev huet sech doheem mat 30:19 duerchgesat, obwuel si just mat 11 Spillerinnen ugetruede waren.

Am leschte Match vum Spilldag hu sech Déifferdeng an de Museldall e serréierte Match geliwwert. Déifferdeng war nom schlechten Optrëtt géint Diddeleng virun enger Woch gefuerdert a wollt eng Reaktion weisen. De Match war quasi déi ganz Zäit ausgeglach, well sech keng Ekipp méi wéi 2 Goler ofsetze konnt. Nom Pausestand vun 13:12 fir d’Red Boys haten Miselerinnen ab der 45. Minutt de Lead iwwerholl, well Déifferdeng an där Zäit keen Zougrëff an der Defense krut. Dat sollt sech an de leschte 6 Minutten änneren, wou d’Lokalekipp vu villen technesche Feeler vun de Gäscht profitéiert huet an um Enn mat 29:24 e bëssen ze héich gewënnt.