Véierelsfinalle sti fest mam Spëtzematch Djokovic-Alcaraz

© AFP
Bei den Australian Open sinn e Méindeg déi lescht Aachtelsfinalle gespillt ginn.
Domat sti bei den Hären an den Dammen d'Véierelsfinaliste fest. Hei fannt Dir en Iwwerbléck, wéi et elo weidergeet.
Hären
Richteg grouss Iwwerraschunge si bei den Häre bis elo ausbliwwen, déi ganz grouss Favoritten op den Titel sinn nach alleguerten dobäi. An der éischter Véierelsfinall kritt de Jannik Sinner et mam Lokalmatador Alex De Minaur ze dinn. D'Nummer 1 vun der Welt ass do, wann e fit ass, kloer de Favorit. An der Aachtelsfinall géint den Holger Rune hat den Italieener deels mat kierperleche Problemer ze kämpfen.
Eng kleng Iwwerraschung ass déi zweet Véierelsfinall, an där den Italieener Lorenzo Sonego et mam Ben Shelton aus den USA ze di kritt. De Sonego huet an der Aachtelsfinall de Youngstar Learner Tien eliminéiert an de Ben Shelton huet no dräi Tiebreaks um Stéck vum Abandon vum Gaël Monfils profitéiert.
Zu engem absolutten Toppmatch kënnt et an der nächster Véierelsfinall: Novak Djokovic géint Carlos Alcaraz. De Rekordgewënner vun den Australian Open géint déi grouss spuenesch Hoffnung. Dëst versprécht e Match op absoluttem Weltklass-Niveau ze ginn.
An der leschter Partie vun dëser Ronn muss den Tommy Paul aus den USA géint den Alexander Zverev aus Däitschland untrieden. D'Nummer 2 vun der Welt huet bis elo kaum eppes ubrenne gelooss a wëll géint den Tommy Paul deen nächste Schrëtt a Richtung éischte Grand-Slam-Titel maachen.
Dammen
Bei den Damme sinn och nach déi grouss Favoritinnen an der Ronn vun de leschten 8 dobäi. D'Nummer 1 vun der Welt, Aryna Sabalenka, kritt et mam Anastasia Pavlyuchenkova ze dinn. Déi 33 Joer al Russin dierft géint d'Sabalenka awer net all ze vill Hoffnungen hunn.
D'Coco Gauff dierft awer gréisser Ambitiounen hunn, ma an der Véierelsfinall huet d'US-Amerikanerin mam Paula Badosa eng haart Noss. Nawell dierft déi jonk Amerikanerin als Favoritin an de Match goen.
D'nämmlecht ass et fir déi zweet US-Amerikanerin.D'Madison Keys huet bis an d'Véierelsfinall e puer richteg gutt Leeschtunge gewisen, ma muss elo géint d'Elina Svitolina untrieden. D'Ukrainerin ass gutt a Form, dierft et awer schwéier kréien. Virun allem huet d'Madison Keys an der Aachtelsfinall mam Elena Rybakina eng vun de grousse Favoritinnen eliminéiert.
D'Iga Swiatek huet an der Aachtelsfinall hir Stäerkt demonstréiert. D'Spillerin aus Polen huet do nämlech mat 6:0 a 6:1 géint d'Eva Lys aus Däitschland gewonnen. An der Véierelsfinall geet et elo géint d'Emma Navarro aus den USA, déi sech an enger enker Partie géint d'Daria Kasatkina behaapte konnt.