Beim ITF-Tournoi am nationalen Tenniszenter zu Esch steet de Chris Rodesch als eenzege Lëtzebuerger ënnert de leschten Aacht.

An der Véierelsfinall kritt d'Lëtzebuerger Nummer Eent, déi bei dësem internationalen Tournoi och op der éischter Plaz gesat ass, et mam Fransous Mathias Bourgue ze dinn. D'Zil vum Chris Rodesch ass et natierlech, den Tournoi ze gewannen. Am November hat den 23 Joer ale Lëtzebuerger Tennisprofi et bal gepackt, säin éischten Challenger-Tournoi, deen eng Kategorie iwwert den ITF-Tournoien ass, zu Drummondville a Kanada ze gewannen:

De Chris Rodesch iwwer den Challenger-Tournoi zu Drummondville

"Jo, et war extreem cool. Et ware vill Zuschauer do. Ech hunn do mäin éischten Top -100 -Win och kritt géint den James Duckworth. Also et gëtt mer och eng gewësse Confiance, mee ech wëll dat weider esou maachen. Ech si frou driwwer, mee ech wëll elo net, datt dat mech lo zefridden stellt. Also ech wëll, dass dat lo weider esou geet. An ech wëll do op der Challenger-Tour och konstant gewannen an ech wëll do Tournoie gewannen an dann hoffentlech och op der ATP-Tour. Dat ass awer e laange Prozess, mee ech gleewen u mech."
 
D'Véierelsfinall zu Esch tëscht dem Chris Rodesch, aktuell Nummer 280 an der Tennis-Weltranglëscht, an dem Fransous Mathias Bourgue, dee schonn eng Kéier d'Nummer 140 am ATP-Ranking war, fänkt e Freideg fréistens um 15 Auer un.