De Schwäizer war um Freideg an Éisträich virop.

Um Podium stoungen nach den Éisträicher Raphael Haaser (+0,11 Sekonnen) an deen anere Schwäizer Stefan Rogentin (+0,30 Sekonnen).

Beim Super G gouf et direkt e puer schwéier Chutten. Betraff ënnert anerem de Fransous Alexis Pinturault. Hien huet sech säi Knéi verdréint a gouf mam Helikopter an d'Klinik geflunn. Den 33 Joer ale Sportler hat sech déi lescht Saison bei enger Chute zu Wengen d'Kräizband gerass an huet dëse Wanter säi Comeback gefeiert.

Beim Biathlon-Weltcup zu Antholz an Italien huet sech e Freideg am Sprint den Norweger Tarjei Bö d'Victoire geséchert. Hien huet sech viru sengem Landsmann Sturla Holm Laegreid (+0,4 Sekonnen) behaapt. Fir de Bö ass et déi zweet Weltcup-Victoire an dëser Saison. Den Italiener Tommaso Giacomel (+2,6 Sekonnen) huet de Podium komplettéiert.