De Lëtzebuerger huet sech e Freideg an 3 Sätz géint de Fransous Mathias Bourgue behaapt.

Lues awer sécher decidéiert sech, wien et an d'Finall vum ITF-Tennis-Tournoi zu Esch packt. 5 Lëtzebuerger Tennisspiller waren ageschriwwen. Engersäits goung et drëms, fir Weltranglëschte-Punkten ze sammelen, anerersäits fir sech op d'Davis-Cup-Partie géint Litauen ze preparéieren. De Chris Rodesch ass deen Eenzegen, deen nach am Haapttableau steet. 
 
D'Véierelsfinall e Freideg war e richtegen Test fir de Chris Rodesch. Säi Géigner, de Mathias Bourgue, stoung a senger Karriär op der 140 Plaz an der Weltranglëscht. Deen haut 31 Joer ale Fransous huet 2016 vu sech schwätze gedoen, wéi hie bei de French Open dem Andy Murray a 5. Sätz alles ofverlaangt huet.
 
Beandrockt hunn de Chris Rodesch dës Statistiken net. De Start an d'Partie war perfekt. De Service léisst d'Lëtzebuerger Nummer 1 seelen am Stach an no engem fréie Break stoung et séier 3:0 fir de Rodesch. 
 
Um Enn vum Saz huet den 23 Joer ale Lëtzebuerger dem Bourgue de Service eng weider Kéier ofgeholl, fir no 38 Minutten deen 1. Saz souverän mat 6:2 ze gewannen.
 
Am zweete Saz war et méi serréiert. De Fransous krut beim Stand vu 4:4 säin éischte Breakball an huet direkt dovu profitéiert, fir um Enn den 2. Saz fir sech ze entscheeden. Vun deem Moment un huet de Kapp beim Lëtzebuerger net méi richteg matgemaach.
 
E krut awer Kéier. No 4 Break-Chancen a beim Stand vun 3:2 konnt de Rodesch e wichtege Punkt markéieren, fir dem Géigner de Service eng weider Kéier ofzehuelen, fir esou de Saz mat 6:2 ze gewannen an als Gewënner vum Terrain ze goen. 
 
De Géigner an der Halleffinall, déi e Samschdeg gespillt gëtt, heescht Nicolai Budkov aus Norwegen, deen d'lescht Joer Wimbledon bei de Juniore gewonnen huet. D'Partie ass e Samschdeg net viru 17 Auer.