De Leader Ettelbréck dominéiert Walfer, Damme vun Hueschtert bleiwen ongeschloen

De Weekend stoung an der Enovos League bei den Hären den 17. Spilldag um Programm, bei den Damme war et d'Suite vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun.
Hären
Um Sonndeg setzt sech de Leader Etzella Ettelbréck souverän géint d'Résidence Walfer duerch a séchert sech domat déi 16. Victoire am 17. Match. Schonn an der Paus hat Ettelbréck 63 Punkte gehäit, dorënner 10 Dräier, fënnef dovu goungen op de Kont vum Philippe Gutenkauf. Ettelbréck huet d'Partie och no der Paus dominéiert an huet an all Véierel op d'mannst 28 Punkte markéiert, fir um Enn mat 120:81 ze gewannen. De Quatarrius Wilson (29 Punkten) an de Philippe Gutenkauf (28) hunn am beschte getraff bei der Lokalekipp, déi insgesamt 18 Dräier geworf huet.
Bei de Gäscht vu Walfer huet mam Malek Green, deen déi lescht Saison zu Bartreng aktiv war, en neie Profispiller matgespillt.
Vill Punkte sinn och am Match tëschent Mambra Mamer an der Sparta Bartreng gefall. An der Paus louchen d'Gäscht 54:53 a Féierung, um Enn setzt sech Bartreng zu Mamer mat 102:99 duerch. An enger spannender Schlussphas huet Bartreng zwar Nerven un der Fräiworflinn gewisen, Mamer konnt de Match awer net méi dréinen.
Den Jaylen Sebree konnt mat 35 Punkten iwwerzeegen, ënnerstëtzt gouf hie vum Nationalspiller Max Logelin mat 24 Punkten.
D'Musel Pikes an Avanti Munneref sinn e Samschdeg allebéid mat zwou Victoiren aus 16 Matcher an dat direkt Kellerduell gestart. D'Lokalekipp hat mam Jordan Barham zwar en neie Profispiller dobäi, dëse konnt awer no ronn 6 Minutte verletzungsbedéngt net méi matwierken. Munneref huet sengersäits och just mat engem Profi gespillt, den John Ross huet seng Ekipp mat 22 Punkten an der éischter Hallschecht um Liewe gehalen, am drëtte Véierel hunn d'Pikes de Match mat engem 27:13 u sech gerappt an um Enn kloer mat 86:72 gewonnen. De Christian Brandon konnt 21 Punkte markéieren, ënnerstëtzt gouf hie vum Sam Streef mat 17 Punkten.
Den T71 Diddeleng wënnt doheem mat 102:75 géint Hiefenech. D'Gäscht hu just mat engem Profispiller gespillt a waren an dëser Partie vun Ufank un am Réckstand. Mat 36 Punkte konnt de Brandon Randolph bei der Lokalekipp iwwerzeegen.
D'Arantia Fiels setzt sech auswäerts mat 86:73 géint den AB Conter duerch, zitt domat an der Tabell mam Géigner gläich a steet wéinst dem direkte Vergläich souguer viru Conter an der Tabell. Den Isaiah White huet 30 Punkte fir d'Gäscht gehäit.
De Champion Amicale Steesel notzt e staarken drëtte Véierel (21:9) a wënnt um Enn mat 85:69 géint de Coupe-Finalist Basket Esch, bei deem de Clancy Rugg blesséiert gefeelt huet. Den Nationalspiller Alex Laurent an den Jarvis Williams hu jeeweils 20 Punkte fir d'Lokalekipp geworf.
Dammen
Bei den Damme stoung dëse Weekend den zweete Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun um Programm.
Um Sonndeg huet sech de Champion Gréngewald Hueschtert mat 84:70 géint den T71 Diddeleng duerchgesat a bleift domat ongeschloen. D'Alexus Johnson konnt e weideren triple double markéieren, dat mat 26 Punkten, 16 Rebounds an 10 Assists.
Déi zweete Victoire dës Saison konnten d'Musel Pikes feieren. D'Gäscht setze sech auswäerts mat 66:60 géint de Basket Esch duerch. Bei der Lokalekipp huet mam Eden Nibbelink eng nei Profispillerin gespillt, si konnt d'Néierlag vun Esch allerdéngs net verhënneren. Stäerkste Spillerin op Säite vun de Gäscht war d'Shawnta Shaw mat 30 Punkten.
Den AB Conter setzt sech e Samschdeg iwwerraschend däitlech mat 91:57 zu Bartreng duerch. Mat dëser Victoire huet Conter de Réckstand op Bartreng an der Tabell op ee Punkt verkierzt. D'Gäscht hunn 13 Dräier getraff, d'Esmeralda Skrijelj konnt mat 23 Punkten a 17 Rebounds iwwerzeegen.
D'Amicale Steesel wënnt en enke Match mat 84:79 géint Wolz. D'Mikayla Ferenz konnt 26 Punkte fir d'Amicale markéieren.