De Lëtzebuerger huet sech an der Halleffinall géint den Norweger Nicolai Budkov Kjaer misse geschloe ginn.

De Chris Rodesch gouf e Samschdeg den Owend beim ITF-Tennis-Tournoi zu Esch an den Halleffinallen eliminéiert. De Lëtzebuerger huet sech missen an zwee Sätz mat 6:7 (3:6) a 5:7 géint den Nicolai Budkov Kjaer geschloe ginn. Den Norweger hat d'lescht Joer Wimbledon bei de Juniore gewonnen.

E Sonndeg kritt de Budkov Kjaer et an der Finall mam Schwed Mikael Ymer ze dinn.

Fir de Chris Rodesch war den ITF-Tournoi zu Esch eng Preparatioun op den David Cup. Ufank Februar spillt déi Lëtzebuerger Tennis-Davis-Cup-Ekipp heiheem géint Litauen. Um Spill steet den Opstig an de Weltgrupp I. D'Partië ginn den 1. an 2. Februar am Gymnase vun der Coque gespillt a live op RTL iwwerdroen.