No der Dammefinall e Samschdeg war e Sonndeg bei den Australian Open d‘Finall vun den Hären.

D‘Nummer 1 an d‘Nummer 2 vun der Welt stounge sech hei géigeniwwer. De Jannik Sinner ass als Favorit an de Match gaangen an ass där Roll och iwwer de ganze Match gerecht ginn. Den Alexander Zverev, deem nach ëmmer en Titel bei engem Grand Slam feelt, huet gutt gespillt, ma hat an den decisive Momenter dem Italieener näischt entgéintzesetzen.

Um Enn konnt sech den Titelverdeedeger mat 6:3, 7:6 a 6:3 géint den Alexander Zverev duerchsetzen an domat säin drëtte Grand-Slam-Titel gewannen. Den Däitsche verléiert deemno och seng drëtt Grand-Slam-Finall a muss weider op säin éischten Titel waarden.