Äishockey
Tornado mécht grousse Schratt a Richtung Playoff

© Val Wagner
Nieft dem Tornado waren e Samschdeg och d'Beefort Knights am Asaz.
Den Tornado Lëtzebuerg huet an der zweeter franséischer Liga 5:1 géint Wasquehal gewonnen an huet domadder ee grousse Schratt a Richtung Playoffs gemaach. Bei nach véier Matcher, déi ze spille bleiwen, steet den Tornado op der 5. Plaz mat 20 Punkten. Déi éischt aacht Ekippe qualifizéiere sech fir de Playoff. Op der 8. Plaz steet den Ament de Géigner vun e Samschdeg den Owend mat 12 Punkten.
Äishockey: Tornado - Wasquehal 5:1 (25.1.25)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Donieft hunn d’Beefort Knights an der éischter belscher Liga 5:2 géint Bulldogs vu Léck gewonnen.
Am meeschte gelies