De Budkov Kjaer, deen 1/2-Finall géint de Chris Rodesch gewonnen hat, hat géint de Ymer keng Chance.

E Sonndeg stounge beim ITF-Tournoi zu Esch d'Finalle bei den Dammen an Hären um Programm. Dat leider ouni Lëtzebuerger Participatioun, well mam Chris Rodesch e Samschdeg dee leschte Lëtzebuerger an der Halleffinall eliminéiert gouf. D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet mat 1:2 géint den Nicolai Budkov Kjaer verluer. Den Norweger, deen d'lescht Joer Wimbledon bei de Juniore gewonnen huet, hat als Géigner an der Finall de Mikael Ymer um Terrain stoen. De Schwed ass keen onbekannten.
 
De 26 Joer alen Tennisspiller stoung virun e puer Joer op der 50 Plaz an der Weltranglëscht. Well hien awer 3 Doppingkontrolle verpasst huet, gouf hie fir 18 Méint gespaart. Elo versicht hie sech erëm no vir ze schaffen.
 
Mat 6:1 am éischten Saz, no nëmme 24 Minutten, huet de Ymer dës Finall am Ufank dominéiert. Den zweete war awer allerdéngs méi ausgeglach. D'Spectateuren am CNT zu Esch hunn Tennis vun héijer Qualitéit presentéiert kritt.
 
Den Nikolai Budkov Kjaer konnt deen zweete Saz mat 7:5 fir sech entscheeden. Am leschten an decisive Saz huet de Ymer awer seng ganz Routine gewisen, fir dëse mat 6:2 ze gewannen an d'Finall fir sech ze decidéieren.
 
Bei den Dammen ass och et iwwer déi voll Distanz gaangen. Nodeems d'Brittin Emily Appleton deen éischte Saz mat 6:3 fir sech decidéiere konnt, war et d'Anna-Lena Friedsam, déi den Tempo am Zweeten diktéiert huet. No 22 Minutte stoung et 6:0 fir déi däitsch Spillerin, déi och scho virun e puer Joer op der Kockelscheier gespillt huet a gär op Lëtzebuerg kënnt.

De leschten an decisive Saz war serréiert. Et huet alles no enger Victoire vum Friedsam ausgesinn, ma d'Appleton huet et awer nach emol spannend gemaach a 5 wichteg Breakbäll ofgewiert. Um Enn sollt et awer net duergoen. Beim Stand vu 5:6 huet d'Brittin de Service missen ofginn an d'Friedsam konnt sech an de Palmarès androen.
 
Spannenden an flotten Tennis gouf dës Woch am CNT zu Esch gespillt. Och wa kee Lëtzebuerger an der Finall stoung war dësen Tournoi eng wichteg Preparatioun fir d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp, déi den nächsten Weekend géint Litauen ëm den Opstig an de Weltgrupp I spillt. D'Partië ginn den 1. an 2. Februar am Gymnase vun der Coque gespillt a live op RTL iwwerdroen.