An der Haaptpiscine vun der Coque sinn Daucher dermat beschäftegt, fir Kameraen ënner Waasser z’installéieren.

E Kazesprong dervun ewech trainéieren auslännesch Schwëmmer a Schwëmmerinnen am 50 Meter Trainingsbasseng.

Nom Olympiazyklus hunn eng Rei vu Staren eng Paus ageluecht a sinn dëst Joer net um Euro Meet am Asaz. Trotzdeem sinn Olympiagewënner, Welt- an Europameeschteren um Depart.

Eng 30 Kameraen ënner Waasser sollen all d’Beweegunge vun de Schwëmmer festhalen an d'Feeler, déi  d’Jugen net gesinn, dokumentéieren. Fir d’Qualifikatiounsmeetinge fir d’Olympesch Spiller zu LA soll dëse Kontrollsystem obligatoresch ginn an da wëll den Euro Meet prett sinn.

E Freideg de Moien um 9 Auer geet et da lass an d'Lëtzebuerger Nowuessschwëmmer a -schwëmmerinne wäerte géint staark international Konkurrenz am Asaz sinn.

Op RTL.lu kënnt Dir bis e Sonndeg live mat dobäi sinn. D'Finalle ginn och all Dag live op der Tëlee op RTL ZWEE iwwerdroen.